Veianen ass bekannt fir säi mëttelalterlecht Schlass, seng schmuel Gaassen a seng pittoresk Lag am Ourdall. Mee eemol am Joer spillt eng aner Attraktioun d’Haaptroll: d’Noss. Um traditionelle Veianer Nëssmoort verwandelt sech d'Stiedchen an ee grousse Maart, wou sech alles ëm déi kleng Fruucht mat der haarder Schuel dréint.
Ronn 12.000 Visiteure kommen all Joer op Veianen, fir d'Atmosphär ze genéissen an déi sëllege Spezialitéiten ze entdecken. Dorënner och vill Touristen aus dem Ausland. "Mir hu Gruppen aus der Belsch an Holland, déi extra mam Bus op Veianen kommen, fir d'Géigend ze entdecken", erkläert de Veianer Buergermeeschter François Weyrich.
Fir d'Gemeng ass de Maart awer méi wéi just eng touristesch Attraktioun. "De Veianer Nëssmoort ass immens wichteg fir déi lokal Veräiner an och fir d'Geschäftsleit. E gehéiert zu eiser Identitéit", esou de Buergermeeschter.
D’Verbindung tëscht Veianen an der Noss geet wäit zeréck. Schonn am 19. Joerhonnert war d’Regioun fir hir sëllegen Nëssbeem bekannt. D’Nëss waren deemools eng wichteg ekonomesch Ressource fir déi lokal Populatioun. Si goufen net nëmme fir den eegene Konsum gesammelt, mee och verkaaft oder zu Ueleg verschafft.
Ufank vum leschte Joerhonnert goufe ronn 20 Prozent vun allen Nëss, déi deemools zu Lëtzebuerg verkaaft goufen, an der Géigend vu Veianen ugebaut.
1935 gouf den éischte Veianer Nëssmoort organiséiert. Iwwer d'Joerzéngten huet sech aus der lokaler Traditioun ee vun de bekanntsten traditionelle Mäert am Land entwéckelt.
Wien haut iwwer de Maart trëppelt, mierkt séier, datt d'Noss vill méi ze bidden huet, wéi just hire Kär. Op de sëllege Stänn gëtt et eng grouss Auswiel u Produiten: vun der traditioneller Nëssdrëpp iwwer Likören an Nossueleg bis bei Kuchen, Gebäck an esouguer Zoossissen, déi mat Nëss verfeinert ginn.
Nieft de kulinaresche Spezialitéite spillt och d'Gesellegkeet eng wichteg Roll.
Dobäi huet d'Noss och aus gesondheetlecher Siicht eppes ze bidden. Si enthält ongesiedegt Fettsaieren, Ballaststoffer a Mineralstoffer. D'Hackernëss si besonnesch räich un Omega-3-Fettsaieren.