
De Participatiounstaux am Mammographie-Programm huet sech zanter 2020 nees stabiliséiert an ass zanterdeem och nees op 55,8% am Joer 2023 geklommen. Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard. Alles an allem goufen 2025 iwwer 26.000 Mammographien am Kader vum Preventiounsprogramm gemaach.
Rechent een d’Mammographië baussent dem Programm mat, gëtt et een Taux de Couverture vu ronn 70%, dat ass jo d’Zil, wat ee sech gesat huet.