
“Eng Ekipp fir Iech” a “Meng Gemeng - Mäin Doheem” hu jeeweils 5 Sëtz um Sonndeg kritt. Um Dënschdegowend hunn dës 10 Gemengeconseilleren unanime ugeholl, dass de Patrick Mergen neie Buergermeeschter gëtt. De Poste vum 1. Schäffe geet un den Andy Derneden an 2. Schäffen ass de Lucien Kurtisi.