Invité vun der Redaktioun (15. Juli)Patrick Remakel, President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moien ass d'Alphabetiséierung op Franséisch Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

En Donneschdeg geet et an déi wuelverdéngte "Grouss Vakanz", ma vill Enseignanten an Elteren hunn awer och schonn hire Bléck op d’Rentrée geriicht wann d'Alphabetiséierung op Franséisch landeswäit generaliséiert gëtt.

Dës déifgräifend Reform am Fondamental huet vun Ufank u vill Froen a Bedenken opgeworf. Kritiker hu bemängelt, den Educatiounsministère wéilt mordicus seng Philosophie hei ëmsetzen. An dee Reproche steet elo verstäerkt am Raum zanterdeem bekannt gouf, datt den Educatiounsministère eng Etüd zréckgehalen huet, déi zur Conclusioun kënnt, datt d’Alphabetiséierung op franséisch net zwangsleefeg zu bessere Resultater féiert.

Wéi gesäit d’Enseignantsgewerkschaft SNE dat Ganzt? Huet de Ministère ze vill versprach a wéi eng Conclusioune missten, hirer Meenung no, gezu ginn? Dat froe mer e Mëttwoch de Moien de President vum "Syndicat national des enseignants" um 8 Auer. De Patrick Remakel ass eisen "Invité vun der Redaktioun".

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO