Serie "Hashtag History"Kollisioun vun engem Fliger mat der Antenn zu Diddeleng viru 45 Joer

Frank Grotz
Den 31. Juli 1981 flitt eng belsch Militärmaschinn vum Typ Mirage 5BR mat héijer Vitesse an d’RTL-Antenn um Diddelenger Ginsebierg.

D’Halschent vum 300m héije Pylon brécht of a fält op d’Déngschthaus vun engem RTL-Techniker, dee grad mat senger Famill ze Mëtteg ësst. Fir d’Koppel a fir de Pilot vum Fliger kënnt all Hëllef ze spéit.

Den Jerry Klein hat deemools 9 Joer a war eent vu 65 Kanner, déi sech grad nieft der Antenn op enger Wiiss opgehalen hunn.

De Christian Flammang gouf deemools als Jonke Pompjee op d’Onglécksplaz geruff.

Zesumme mat hinne kucke mer zeréck op d’Evenementer vun deemools an op d’Froen, déi sech weiderhi stellen: Wat ass bis ewell iwwer d’Ursaache vum Accident gewosst a firwat goufen d’Kanner, déi d’Katastroph hautno materlieft hunn, einfach heemgeschéckt?

Back to Top
CIM LOGO