
Am Mëttwoch am Nomëtte gouf sech nämlech op der Cour d'appel an der Stad nach emol - wuel fir d'lescht - mam Schuedenersatz befaasst, deen eng Fra soll zougesprach kréien, déi 2011 wéinst Harcèlement obsessionnel Plainte géint de Medezinner gemaach hat. Dee war am Juli 2012 um Dikrecher Geriicht fräigesprach, am Februar 2013 dogéint am Appel wéinst Harcèlement zu enger Geldstrof vun 2.500 € verurteelt ginn.
Haut gouf sech, wéi gesot, wuel eng lescht Kéier mam zivilrechtleche Volet vun där Affär beschäftegt. An deem Kontext war am Dezember e virleefeg lescht Urteel gesprach ginn: Doran housch et, dass an der Suite vun Urteeler vu Februar 2013 a Januar 2014, wat d'Incapacité permanente partielle de travail vun der Fra ugeet, 25.000 € Schuedenersatz ze sprieche wären. Donieft sollt d'Me Wirion als Expär 1.) den Akommesverloscht fir den Zäitraum vu Mëtt Mee 2017 bis Ufank November 2019 a vun do u bis dee Moment, wou d'Fra warscheinlech an d'Pensioun goe géif, berechnen an 2.) d'Entschiedegungen, wat eventuell Leeschtunge vun der Sécurité sociale ugeet. Zu gudder Lescht wär eng weider Provisioun vu 5.000 € ze bezuelen.
De Me Jean Lutgen huet, als Affekot vun der Fra, seng Demanden oprechterhalen; a sengen Ae géif sech v.a. d'Fro stellen, vu wéini un d'Zënse lafen. Als Zäitraum vun de Faite wär um Enn d'Period Juni 2009 bis Dezember 2010 festgehale ginn; am 1. Prozess hat et geheescht, d’Faiten hätte sech tëscht Ufank 2009 an Ufank 2011 um Härebierg ofgespillt.
Fir de Me Jean Lutgen wären nach Frais d'expertise an eng Indemnité de procédure dobäi ze rechnen, wougéint zwou Provisioune bezuelt an deemno ofzezéie wären. De Me Bingen, Affekot vum Dokter, huet iwwerdeems betount, dass de Schued vun der Fra op 62.500 € festgeluecht gouf; wann een dovun d'Provisioune vun am Ganze 7.000 € ofrechne géif, da stéingen nach ronn 55.500 € aus.
D'Urteel ass fir de 24. Juni.
Am 1. Prozess, viru ronn 8 Joer, war ë.a. vun Aussoen am Stil “Dir gesitt haut féckereg aus” oder “Ech hunn eng nei Couch kritt; solle mer déi ausprobéieren?” Rieds a vu permanente verbalen Attacke vum Mann op d'Fra.