
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth wollt um Mëttwoch an der Chamber wëssen, ob et net méiglech ass, déi Kaarten op engem Biergerpass ze regroupéieren.
Hien huet déi Fro dem delegéierte Minister fir Digitalisatioun gestallt an de liberale Marc Hansen huet an Aussiicht gestallt, datt dru geschafft gëtt, datt een zwou vun deenen dräi Kaarten guer net méi muss bei sech hunn.
Wann een dat wëll.
“D’Informatiounen, wat äre Fürerschäin ugeet an är Carte d’identité hu mir als Staat. Mir sinn amgaang ze kucken, fir datt dir dat net méi als Käertche kritt, mä als digitale Support. Dann hutt der dat an ärem Handy, zum Beispill. Dat heescht, dir hutt de Fürerschäin an d’Carte d’identité an ärem elektronesche Wallet. Dat gëtt dono eng Attestatioun vun der Carte d’identité oder dem Fürerschäin.”
De Marc Hansen seet, et géif elo dru geschafft ginn, fir dat emol zu Lëtzebuerg ëmzesetzen, méi kniwweleg wier par conter, datt dat dono och op europäeschem Plang géif funktionéieren.
Hien huet dës Informatiounen an enger Diskussioun ginn, wou et ëm den Aktiounsplang fir déi digital Inclusioun gouf. Den DP-Deputéierten Guy Arendt hat eng Interpellatioun doriwwer gefrot. Hien huet ënnerstrach, datt och d’Digitaliséierung bei den ëffentlechen Verwaltungen muss viru gedriwwe ginn.
D’CSV-Deputéiert Diane Adehm huet an deem Kontext drun erënnert, datt näischt de mënschleche Kontakt géif ersetzen.
“Eng E-Mail Adress op engem Courrier vun enger Verwaltung ass gutt, mä et wéisst een als Bierger heiansdo gär, mat wiem datt een et an der Verwaltung ze dinn huet. Dëst ass besonnesch fir eeler Leit oder fir Leit, déi sech an eisem System net esou gutt auskennen ganz wichteg an och e Rendez-vous sur place ass dacks eng grouss Hëllef a bréngt méi wéi e laangen Echange vun E - Mailen.”
Geschwënn dierften d’Kontakter och iwwert den digitale Wee méi perséinlech ginn. De Minister fir Digitalisatioun sot, et géif dru geschafft, datt een an Zukunft och e Rendezvous mat engem Beamten iwwer Videokonferenz kéint hunn.
De Marc Hansen huet nach e puer Chiffere genannt, déi weisen wéi wichteg dat Digitaalt an Tëschenzäit ass. D’App myguichet gouf 260.000 Mol erof gelueden, de Gouvcheck 100.000 mol an d’Gouv ID, eng relativ nei App, eng 25.000 Mol.