Staatsrotmember Lucien Lux am ViséierPerquisitioun an de Gebailechkeete vum Conseil d'Etat

Roy Grotz
Eng Perquisitioun beim Staatsrot geschitt net all Dag,  mee dat war awer e Freideg de Fall.
© RTL Archivbild

Am Viséier ass de Staatsrotmember Lucien Lux, deen am Juli zejoert via Mail en Avis iwwert e Projet de Loi un den Entrepreneur Flavio Becca weidergereecht hat, ier et zum Vott komm war.

Den Hannergrond vun der Perquisitioun e Freideg an de Gebailechkeete vum Conseil d’Etat ass e Requisitoire vum Parquet wéinst méiglechem Abus de biens sociaux, Blanchiment a Violatioun vum Beruffsgeheimnis.

D’Instruktioun leeft, ma et gëllt d’Présomption d’innocence an d’Rechter vun der Defense.

Wéinst senger Demarche am Juli zejoert hat den LSAP-Politiker deemools eng “Réprimande” vum Staatsrot krut, déi den internen Deontologie-Comité proposéiert hat.

Dëst ass déi zweetklengst Sanktioun vu véier, déi de Staatsrot ka géint ee vu senge Memberen ausschwätzen. Deemools hat den Här Lux dëse Verdict ouni Appell ugeholl. De Gesetzestext, dee weidergereecht gi war, hat de Flavio Becca absënns interesséiert, well et ëm privat Dokteschcabinete goung, déi och IRM- an aner spezialiséiert Zerwisser kënnen ubidden. Dat Ganzt geet zeréck op eng Enquête, déi reporter.lu publizéiert hat.

Schreiwes vum Parquet

Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec une perquisition le vendredi 4 octobre 2024 au Conseil d’Etat
(04.10.2024)

En date du 4 octobre 2024, une perquisition a été menée notamment dans les locaux du Conseil d’Etat par le Service de Police Judiciaire sous la direction d’un juge d’instruction et en présence d’un magistrat du parquet de Luxembourg.

Cette mesure s’inscrit dans le cadre d’une information judiciaire ouverte sur base d’un réquisitoire du parquet de Luxembourg des chefs d’abus de biens sociaux, de blanchiment, de violation de secret professionnel et de recel de violation de secret professionnel. Elle met en cause Monsieur le Conseiller d’Etat Lucien Lux qui est suspecté d’avoir divulgué un document non public au moment des faits et tombant sous son secret professionnel dans le cadre de ses activités au sein du Conseil d’Etat.

L’instruction à charge et à décharge suit son cours.

Le présent communiqué est fait dans le respect du secret d’instruction, de la présomption d’innocence et des droits de la défense.

Back to Top
CIM LOGO