Sozial Sécherheet gëtt digitaliséiertPersonal am Stot kann online ugemellt ginn

Fanny Kinsch
Wann een eng Persoun bei sech am Stot schaffen huet, kann een déi vun elo un iwwer MyGuichet online umellen.

80 Servicer aus dem Beräich vun der sozialer Sécherheet sinn aktuell schonn online accessibel, zanter e Mëttwoch kann een och Personal, dat am Stot schafft, iwwer Internet umellen. Den zoustännege Minister an d’Vertrieder vun de verschiddene Branchen hunn eng Campagne virgestallt, mat där d’Leit sollen op d’Digitalisatioun opmierksam gemaach ginn.

Wann een eng Persoun bei sech am Stot schaffen huet, kann een déi elo iwwer MyGuichet online umellen. Dat betrëfft ëmmerhin knapp 21.600 Stéit, wéi de President vun der CCSS Claude Seywert präziséiert. “Dat sinn haaptsächlech Leit, eeben, Botzleit, déi am Menage schaffen, ech mengen et si vill Leit, déi déi engagéiert hunn, dann awer och fir d’Kanner doheem ze versuergen oder wann een dépendant ass, do kann een och eng Persoun vu baussen astelle respektiv och eng vun der Famill huelen, an dann Au-pair-Leit.”

Wann een op d’Gesondheetskeess geet, fir eng Dokteschrechnung rembourséiert ze kréien, huet een aktuell schonn d’Méiglechkeet, déi Suen direkt iwwerwisen ze kréien. E Service, vun deem och schonn dräi Véierel vun de Leit profitéiere géingen, sou de Cedric Neiens, Direktiounsmember vun der CNS.

Dee Moment, wou hien nach am Guichet sëtzt, kritt een d’Suen iwwerwisen op säi Kont an et kritt och do eng Notifikatioun, dat heescht, et huet de grousse Virdeel fir den Assuré, dass hie kee Boergeld an d’Hand kritt, sech net mat Boergeld muss deplacéieren an net muss nach eng op eng Agence vun der Post goen, fir de Schéck anzeléisen.”

Béid Méiglechkeete sollen och bestoe bleiwen, wann de sougenannte Remboursement immediat ëmgesat gëtt, bei deem een dann direkt beim Dokter scho just nach säin Deel bezilt, viraussiichtlech bis Enn vum Joer. Et wéilt een déi mënschlech Interaktioun ëmmer nach bäibehalen a keen ausschléissen, sou den LSAP-Sozialminister Claude Haagen, och wann d’Digitalisatioun vill Virdeeler géing mat sech bréngen.

“Et bréngt natierlech de Leit eppes, well se Zertifikaen direkt kréien oder well se hir Dokumenter direkt kréien oder d’Umellen, d’Ofmellen vum Personal zum Beispill direkt kritt. Et bréngt awer och den Administratiounen an den Institutiounen eppes, well d’Delaie méi kleng ginn a well eeben informatesch geschafft gëtt.”

An den nächste Méint sollen nach weider Servicer aus dem Beräich vun der Sozialversécherung online goen.

Back to Top
CIM LOGO