Tëscht Ettelbréck an UewerfeelenPersoun gouf ugestouss a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg géint 14.40 Auer koum et um CR345 tëscht Ettelbréck an Uewerfeelen zu engem méi uergen Accident.
© RTL Archivbild

Eng Persoun ass hei vun engem Auto ugestouss ginn a gouf schwéier blesséiert. Eng weider Persoun gouf liicht verwonnt. Op der Plaz ware ënnert anerem de Samu vun Ettelbréck.

Och e Méindeg den Owend géint 18.50 Auer koum et zu engem méi uergen Accident, déi Kéier an der Lëtzebuerger Strooss zu Konsdref.

Eng Automobilistin hat e Kand mat hirem Won ze pake kritt. Wéi d'Police präziséiert, war et der Fra net méiglech, den Accident ze verhënneren.

D'Kand wier uspriechbar gewiescht, gouf awer schro um Been verwonnt a koum an d'Spidol.

D'Streck war wärend dem Rettungsasaz komplett fir den Trafic gespaart. Et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO