VeianenPetry a Weyrich wëllen d'Rudder ëmrappen

Tim Morizet
Nodeems den aktuelle Gemengepapp Claude Tonino kloer net méi zeréckgewielt gouf, gëtt de Stull vum Buergermeeschter zu Veianen déi nächst 6 Joer gedeelt.
Petry a Weyrich wëllen d'Rudder zu Veianen ëmrappen
Nodeems den aktuelle Gemengepapp Claude Tonino kloer net méi zeréckgewielt gouf, gëtt de Stull vum Buergermeeschter zu Veianen déi nächst 6 Joer gedeelt.

Den Éischt- an Zweetgewielte Paul Petry a François Weyrich iwwerhuelen d’Rudder am touristeschen Norden. No sëllegen negativ Schlagzeile wëll ee Rou an Opschwong an d’Stad bréngen, esou de Paul Petry.

Kaum een hat zu Veianen mat esou eng klore Resultat gerechent. 8 vu 9 Sëtzer gi par contre vum Gruppement “No beim Bierger” iwwerholl. De Frust souz déif, erkläert den Hôtelier: “Datt een et net jidderengem gerecht ka maachen, ass evident. Et muss een awer e bëssen de Bols vun de Leit fillen, virun datt een Decisiounen hëlt. Et kann een net einfach iwwert de Kapp vun deenen anere Leit decidéieren. Dat ass fir mech e grousse Feeler, dee gemaach gouf.“

Net alles, wat déi lescht Joren decidéiert gouf, wier schlecht, do si sech d’Veianer eens. Ma verschidden Dossieren, ewéi dee vun der Schwämm, wiere komplett falsch gepaakt ginn. Do soll nach dëst Joer Beweegung rakommen, versprécht de François Weyrich, den neie Gemengepapp fir déi nächst 3 Joer: “Mir probéieren, d‘Schwämm dat nächst Joer provisoresch opzekréien. Mat Container-Toiletten, Container-Duschen. Do ass aktuell keng eenzeg Geneemegung méi iwwereg. Dat gëtt immens vill Aarbecht.“

Ma och am verloossenen Zentrum brauch et politesch Volontéit. Eidel Geschäfter – Bréifboîtten, déi iwwerlafen. Veianen wiisst a steet gläichzäiteg eidel. Den ale Stadkär bleift beléift bei den Touristen. Mä onintressant fir déi lokal Leit, fënnt de François Weyrich: “Déi fréier Gemeng huet der Regierung no alles richteg gemaach. Se huet probéiert, neie Wunnraum fir vill Leit ze schafen. Et däerf een dann awer net vergiessen, datt Veianen mam ale Stadkär ee vun dräi Stied ass, dat als touristesch Stad offiziell kategoriséiert ass. Do ass elo awer déi lescht 12 Joer näischt un deem ale Stadkär geschafft ginn.”

En Awunner-Parkhaus soll de Leit eng Parkplaz am Stadkär garantéieren an et och nees méi intressant maachen, do ze wunnen. An der Stad kéinten iwwerdeems zwou Galerië mat Geschäfter entstoen, esou nach d’Iddie vum Geschäftsmann. “Mir sinn eis eens, datt d‘Leit net onbedéngt Kleeder op Veianen akafe kommen. Mä Geschäfter mat Konscht a lokale Produite kéint ech mer am Zentrum virstellen.“

Aktuell schaffe knapp 500 Leit zu Veianen. Déi meescht a Relatioun mam Tourismus. Déi aktuell Aktivitéitszon mat dräi Betriber soll iwwert déi nächst Jore vergréissert ginn, fir weider Betriber an den Nord-Osten ze lackelen.

Déi éischt dräi Joer iwwerhëlt den Zweetgewielte François Wyrich de Buergermeeschter-Posten zu Veianen. Duerno ass et dann um Paul Petry. Zweete Schäffe gëtt de fréiere Buergermeeschter Henri Majerus.

Back to Top
CIM LOGO