Meeschtens ass et d’Zil, u Suen ze kommen. De Pit Everling huet beim Haus fir Cybersécherheet nogefrot an do constatéiert een eng kloer Evolutioun. Zënter der Pandemie spille Phishing-Attacke vill méi eng grouss Roll, seet de Pascal Steichen, Chef vum Haus fir Cybersécherheet: “Viru Corona hu Phishing-Aktiounen 20-30% vun allen Attacken ausgemaach. Entretemps sinn et 70-80%.”
E-Mail, SMS, WhatsApp oder iwwer Telefon, dat sinn déi klassesch Kanäl. Un d’Adresse kommen déi Onéierlech entweder, well allméiglech Zuelen- a Buschtawekombinatioune versicht ginn, respektiv ginn déi Donnéeë bei Hacker kaaft, déi zum Beispill Email-Adresse sammelen.
Dacks gëtt an esou engem Message vun enger Urgence geschwat an et gëtt mat Emotioune geschafft: “Nom Motto: En Hacker seet, en hätt gesinn, dass d’Affer op komesche Sitten ënnerwee war an en hätt dat enregistréiert. An da gi Sue gefrot, fir dee Video net ze publizéieren.”
Bei Cyberkriminelle sinn och déi sougenannt Ransomware-Attacke beléift: “Hei si Firme viséiert. Date gi blockéiert an et gi Sue gefrot.”
Reegelméisseg géinge Firmen a Leit drop erafalen, dofir wier d’Sensibiliséierung wichteg. Pro Joer kritt een am Haus fir Cybersécherheet Dausende Fäll mat, meeschtens iwwer eegen E-Mailen, wou bewosst keng Filteren agebaut ginn.
Wie stécht hannert sou Attacken? Do geet et queesch iwwer de Globus: “Alles, wat mat Krypto ze dinn huet, kënnt éischter aus dem asiatesche Beräich. Alles, wat mat soziale Medien ze dinn huet, kënnt éischter aus Russland.”
Awer och vun anerwäerts kommen Attacken. Reegelméisseg gi Plaintë gemaach, et gëtt Poursuitten an et gi Krimineller gepëtzt. Dat gëllt virun allem fir grouss Attacken. Do gëtt et eng gutt international Zesummenaarbecht, sou de Pascal Steichen. Et géif och un enger entspriechender UNO-Konventioun geschafft den Ament. Bei eenzele Phishing-Messagë gëtt et iwwregens meeschtens kee Suivi.
Wat kann ee maachen, fir net eran ze falen? Hei ass d’Äntwert kloer: Net op de Link an op d’Dokument klicken, dat ee geschéckt kritt. A virun allem de gesonde Mënscheverstand spille loossen an iwwerleeën, ob den Inhalt vun engem Message ka realistesch sinn oder net.