DeconfinementPolice huet lescht Woch ronn 140 Kontrolle pro Dag gemaach

RTL Lëtzebuerg
Déi meescht Avertissementer gouf et, well d'Leit sech net un d'Maskeflicht gehalen hunn.

Och wärend dem Deconfinement mécht d'Police, wéi annoncéiert, verstäerkt Kontrollen. Wärend der Woch vum 25. an 31. Mee goufe pro Dag ronn 140 Kontrollen uechter d'Land gemaach. De Gros vun de Protokoller war op d'Net-Droe vun enger Mask zréckzeféieren. Dat ware ronn 15 Protokoller pro Dag.

Bei de Restauranten a Caféë gouf elo an enger éischter Phas op d'Preventioun an d'Sensibilisatioun gesat. Et gouf an zwee Fäll e procès-verbal, well sech net un d'Ouvertureszäite gehale gouf.

D'Police rappelléiert dann nach emol, datt ee bei sech doheem maximal 6 Leit ëmfänke kann an op ëffentleche Plazen net méi wéi 20 Leit zesummekommen dierfen. Am Fall, wou ee sech net un d'Mesuren hält, muss ee mat engem Protokoll an Héicht vun 145 Euro rechnen.

Back to Top
CIM LOGO