
D'Police erënnert drun, datt déi Leit, déi sech awer op de Wee op Wolz maachen, sech mussen un d'Corona-Mesuren halen.
Dat heescht zu maximal 20 Persounen däerf ee sech dobaussen am ëffentleche Raum versammelen, awer net doheem am Gaart. Wann ee keng 2 Meter Ofstand kann halen, muss een e Mask undoen.
D'Police wäert och verstäerkt en Donneschdeg Kontrolle maachen. Gëtt sech net un d'Restriktioune gehalen, muss een eng Strof vun 145 Euro bezuelen.