
De Parquet huet eis confirméiert, dass en europäesche Mandat d’arrêt aus Frankräich géint déi 3 Leit virlouch.
De Parquet vu Nanzeg wier elo fir d’Affär zoustänneg.
Am Oktober zejoert war et zu Nanzeg zu enger Schéisserei komm, wou dono no e puer Verdächtegen gesicht gi war, a wou et e Bezuch op Péiteng soll ginn hunn, war deemools an der franséischer Press ze liesen, an zwar zu enger Messerpickerei am August, woubäi zwou Persounen uerg blesséiert gi waren.
Vun offizieller Säit gouf awer net confirméiert, dass déi Affären eppes mat den Arrestatiounen vun e Mëttwoch ze dinn hunn.