
Eng dovunner ass zum Beispill, wann e sech net op Lëtzebuerger Territoire befënnt. A senger Question élargie wollt den CSV-Deputéierte Laurent Mosar en Dënschdeg an der Chamber wëssen, ob de Staat seng Bierger an deem Fall net ka virun enger Ausliwwerung protegéieren.
Fir datt sech déi Deputéiert eppes kéinten ënner deem komplizéierte Sujet virstellen, huet de Laurent Mosar vun der CSV d’Beispill vum Frank Schneider genannt. De Lëtzebuerger Staatsbierger ass op Demande vun den USA a senger Wal-Heemecht Frankräich wéinst dem Virworf vu Bedruch mat Kryptowärung verhaft ginn.
Lo riskéiert de Mann, deen hei am Land schafft, an d’USA ausgeliwwert ze ginn. E Lëtzebuerger, deen zu Lëtzebuerg verhaft gëtt, muss net un Drëttstaaten ausgeliwwert ginn. Allerdéngs gëlle fir e Lëtzebuerger a Frankräich net déi selwecht Rechter, sou de Laurent Mosar. An dat trotz enger fräier Zirkulatioun vun de Bierger an der Europäescher Unioun.
Déi gréng Justizministesch Sam Tanson seet, si géing déi juristesch Argumentatioun verstoen. Et wier schliisslech komesch...
“Dass een als Lëtzebuerger eng aner Protektioun zu Lëtzebuerg huet, wéi an engem europäeschen Nopeschland. Ech hu keng Connaissance doriwwer, datt grad un Ännerunge vum Gesetz geschafft gëtt. Mee dat misst op europäeschem Niveau, am Kader vun deem Mandat d’Arrêt européen clarifiéiert ginn. Dat misst jo dann eng Reegel sinn, déi fir all Land an der europäescher Unioun t’selwecht spillt.”
De Laurent Mosar freet nach eng Kéier, ob d’Regierung net alles misst maachen, fir esou Ausliwwerungen ze verhënneren. Ëmmerhi riskéiert de Frank Schneider 40 Joer Prisong an den USA, woubäi et hei am Land oder a Frankräich 6 Joer wieren.
Dozou d’Sam Tanson:
“Mir hunn eng Gewaltentrennung. An déi eenzeg Méiglechkeet wier jo déi, datt ee géing bei den Autorités judiciaires agräifen a soen si missten eng aner Decisioun huelen, wéi déi déi se geholl hunn. Et ass de Parquet, deen d’Opportunité des poursuites huet, fir en Bierger zu Lëtzebuerg. An hei hu si, en fonction vun deem Dossier, eng Decisioun geholl.”
Et wieren schonn Echange mat der Procureure générale ginn, mee et géing keen anere Wee ginn. Well alles aneres wier en Agräife vun der Politik an d’Justiz.