Dozou gehéiere grénge Stroum, manner Energie verbrauchen, besonnesch an den Data-Zenteren.
A bei der Elektromobilitéit hu se bei der Post eng 100 vun am Ganzen 220 Elektro-Ween geliwwert kritt. Mëttelfristegt Zil ass, 90% vun de Firmeween fir de Courrier, technesch Interventiounen um Reseau oder nach fir bei d’Clienten vu Post-Telecom an elektrescher Versioun ze hunn.
An et dierft sech fir d’Ëmwelt op alle Fall lounen: Zejoert huet d’Automobilflott vun der Post op 13 Millioune Kilometer 1,5 Millioune Liter Bensinn an Diesel verbraucht. Via Elektromobilitéit ginn Honnertdausenden Tonnen Co2 manner an d’Loft geblosen. Déi Ween mussen natierlech och geluede ginn. Do wëll d’Post op e Reseau vun Honnerte Bornen op hire Sittë setzen.
Den éischte regionalen Distributiounszenter, deem seng Flott komplett mat Stroum fiert, ass deen zu Nidderkäerjeng.
D’Lëtzebuerger Post ass net eleng um Wee zum Elektrogefier: Zu Zürech a Bern setzt déi Schwäizer Post exklusiv op dee Vecteur. Vun 2030 u soll déi ganz Flott fir Bréiwer a Päck an der Schwäiz via Elektrogefierer assuréiert ginn.
An Däitschland läit bei der Post den Ufank vun der Elektromobilitéit schonn am Enn vum 19. Joerhonnert, esou ëm 1893. 1938 hat déi däitsch Post ronn 2.600 Elektroween am Asaz.
Et hat een 2014 esouguer eng eege Filial fir d’Produktioun vun Elektrogefierer. D’Däitsch Post huet dat Segment 2020 un de Lëtzebuerger Konsortium Odin Automotive verkaf.