
Dat huet déi rezent Editioun vun enger Etüd am Optrag vun der Regierung erginn, déi zwee Mol am Joer d'Präisser vu Produiten a franséischen, däitschen, belschen a lëtzebuergesche Supermarchéë vergläicht.
Et sief direkt am Ufank dorop higewisen, dass et wuel net esou einfach ass, d'Präisser vu Produiten a verschiddene Länner ze vergläichen. Dat ënnert anerem, well d'Donnéeë jee no Land ënnerschiddlech erfaasst ginn. Verglach goufen och just Produiten, déi ganz genau identesch sinn.
Trotzdeem huet d'Etüd erginn, dass Gedrénks zu Lëtzebuerg am bëllegsten ass, wärend Hygiènesproduiten an alles, wat keng Liewensmëttel sinn, an Däitschland am mannste kaschten.
Vergläicht een d'Länner ënnerteneen, fält op, dass sech d'Sortiment vu Lëtzebuerger a belsche Supermarchéen am meeschten iwwerschneiden. Déi gréissten Ënnerscheeder ginn et mat de Produiten, déi an Däitschland offréiert ginn. Déi variabelst Offer gëtt et iwwerdeems a franséische Supermarchéen. Hei gi bal 4 Mol esou vill verschidde Produite verkaaft, wéi a belschen oder Lëtzebuerger Butteker.
Präisënnerscheeder gëtt et och tëscht Butteker vun der selwechter Chaîne a verschiddene Länner. Véier vu sechs Chaîne verkafen hir Produiten zu Lëtzebuerg méi bëlleg wéi am Rescht vun der Groussregioun.
D'Etüd huet och nach erginn, dass ewell wesentlech méi Bio-Produite verkaaft ginn. Déi gréissten Offer an deem Beräich gëtt awer ëmmer nach hei am Grand-Duché.