De Premier Luc Frieden presentéiert der Chamber en Dënschdeg de Mëtteg den Tripartite-Accord, deen e Méindeg ënnerschriwwe gouf.
Dernieft gëtt och e neien Deputéierte vereedegt. Bei der LSAP iwwerhëlt de Ben Streff fir d'Paulette Lenert, déi an de Staatsrot wiesselt.
De Mëtteg ass an der Chamber och de Vott iwwert den ëmstriddenen europäeschen Asyl-a Migratiounspak. Verschidden Oppostiounsparteie wëllen de Vott nach verleeën. Den Zäitplang wier ze knapp gewiescht, esou d'Argument.
Mir iwwerdroe de Programm vu Chamber TV. De ganze Programm fannt Dir hei.