Zejoert goufen 131 Demandë fir eng Mediatioun beim Institut Luxembourgeois de régulation, kuerz IRL, agereecht. Bei der grousser Majoritéit goung et ëm de Beräich vun der Telekommunikatioun. Déi heefegst Fäll, wou e Consommateur eng Mediatioun beim ILR ugefrot huet, hu sech zejoert ëm d’Facturatioune gedréint, méi konkret ëm den SMS “Premium”, betount den Direkter vum ILR, de Luc Tapella, en Dënschdeg bei der Presentatioun vum Joresrapport.
Vill Reklamatioune wéinst “Premium-SMSen”
Dacks sinn et Messagë fir Spill-Abonnementer. Dobäi kënnen de Mount och emol gären Zommen am dräistellege Beräich ofgebucht ginn. D’Messagë komme vun Nummeren, déi mat 67 ufänken. Nummeren, fir déi ee pro Message, deen ee kritt, bis zu 3 Euro muss bezuelen.
“Mir stelle fest, datt zanter dem Enn vum leschte Joer an och ugangs dëst Joer déi “Premium” SMSen, wou d’Leit op en Internetsite ginn oder mat hirem Telefon iergendwou geklickt hunn, ëmmer méi heefeg ginn. Dat si Rechnungen, déi Enn dës Mounts bemol 5, 10, 50, 100 oder 300 Euro kënnen hunn“, esou de Luc Tappela. “Vill Leit si sech net bewosst, datt si do e Service aktivéiert hunn.”
De Client, esou den ILR, soll oppassen, wou an op wat en um Internet an och beim Surfen um Handy klickt. Net bei allem “OK” klicken. Kritt de Konsument esou Messagen, soll hien dës net ignoréieren, mä mat “STOPP” beäntweren, fir weidere Chargen aus dem Wee ze goen. Zanter Mäerz kann een um Site stopsms.lu kontrolléieren, ob seng Nummer bei esou Servicer agedroen ass.
De geliwwerte Pak virun der Dier gouf méi deier
Och nei ass awer eng Direktiv vum Juli leschtem Joer, déi am postalesche schonn esou muncher een negativ iwwerrascht huet, esou den Direkter vum Institut Luxembourgeois de régulation. “Alles, wat ausserhalb vun der EU op Lëtzebuerg geschéckt gëtt, muss nodréiglech besteiert ginn. Bis d’lescht Joer huet een, wann een ënner 22 Euro bliwwen ass, näischt missen drop bezuelen, wann et zum Beispill aus England, den USA oder China komm ass – haut muss een awer.“ Déi zousätzlech Aarbecht fir d’postalesch Operateuren, déi den De-douanage maachen, gëtt och berechent a mécht dem Client zousätzlech Käschten. „Dat heescht, d’Leit hunn emol eppes bestallt a festgestallt, datt den Objet duerno zwee bis dräi Mol méi deier ginn ass, ewéi wa se en hei zu Lëtzebuerg kaf hätten.”
E Service, dee Consommateur an Operateur op een Dësch bréngt
Generell traitéiert de Service vun der Mediatioun beim ILR Problemer mat Rechnungen, wou Feeler dra waren, Servicer, déi verrechent gi sinn, wou de Client geduecht huet, déi wiere gratis. Awer och Ännerungen am Kontrakt, déi virgeholl gi sinn, wou dann och Ännerungen an der Rechnung waren.
“Et erlaabt dem Konsument, sech mam Operateur zesummenzesetzen“, esou d’Ajla Mumdzic vum Service Juridique. Well de Konsument huet e Problem, respektiv versteet verschidde Saachen net oder ass net d’Accord. Hie kritt deemno net ëmmer déi richteg Äntwert vum Operateur an duerch d’Mediatioun komme se zesummen an hunn en Echange a jidderee ka sech erklären.”
Bei knapp 80% vun de Reklamatiounen, déi bei den ILR kommen, gëtt eng Solutioun an der Mediatioun fonnt. Dëse Service ass iwwregens gratis a fräi zougänglech fir jiddereen.