Garer Quartier an der StadPresuméierten Drogendealer gouf op frëscher Dot erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Leschte Freideg gouf d'Police bei enger Drogekontroll am Garer Quartier an der Stad op e presuméierten Drogendealer opmierksam.

D'Beamten hunn de Mann op frëscher Dot erwëscht an hu bei him nach eng weider Kokainkugel fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an hie koum virun den Untersuchungsriichter.

Weider hunn d'Polizisten och nach gesinn, wéi e Mann bei engem weidere presuméierten Drogendealer Marihuana kaf huet.

Back to Top
CIM LOGO