
Well de Verdacht bestoung, dass de Verdächtegen Drogen ofgeschléckt hat, gouf eng klinesch Untersuchung vum Parquet ordonéiert. Dobäi goufe 7 Bulle Kokain fonnt.
Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl an hat e Freideg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. D'Drogen an en Telefon goufen iwwerdeems saiséiert.