Dës Kéier stoung déi mental Gesondheet am Mëttelpunkt. D’Visiteure konnten op deene verschiddene Stänn och hiert Wëssen iwwert de Broschtkriibs testen a méi iwwert d’psychologesch Betreiung gewuer ginn.
D'Nicole Quitus krut virun 2,5 Joer hir Diagnos. Si ass an Tëschenzäit geheelt an erkläert, datt si villes réischt mental konnt verschaffen, nodeems si mat der Therapie fäerdeg war. Deemools krut si hir Broscht ganz erofgeholl an huet elo en Opbau gemaach. Eppes, un dat si 2 Joer laang net geduecht hat. Et muss een éischtens mol déi Therapien, déi OPen iwwerstoen - dee Wéi, deen een huet, an déi Gefiller. Ech mengen, do kommen esou vill Facteuren op een zou, dat muss ee fir d'Éischt verschaffen an ech mengen, da kann ee sech aner Ziler setzen.
D'Nicole koum relativ gutt duerch d'Therapie. Positiv bleiwen a gesond liewen, huet hir vill gehollef. Ma net jiddweree gëtt esou gutt mat der Diagnos eens. Genee dofir ass et wichteg, de Kriibs ze thematiséieren. Et dierft ee sech net schummen, fir Hëllef ze froen – sief dat vu Famill a Frënn oder eben eng psychologesch Betreiung – esou de Psycholog Freddy André.
D'Zil ass, Support an Ënnerstëtzung ze kréien, fir och ze verstoen, wat mat engem lass ass an dat dauert och eng Zäit. Kriibs heescht net Doud. Et si ganz vill Patienten, déi heelen an dacks sinn d'Leit sech och net bewosst, wat fir eng Méiglechkeeten et ginn.
Preventioun an eng fréizäiteg Diagnos wieren e wichtege Deel vun der Prise en charge a géif och dacks gutt Resultater mat sech bréngen, esou den Onkolog Dr Frank Jacob.
Et si just 2 bis 3% vun de Fraen, déi an de 5 Joer no der Diagnos vum Broschtkriibs dru stierwen. D'Majoritéit - 97% - déi liewen duerno nach.
Trotzdeem wier et wichteg, fir nieft dem Oftaaschten och reegelméisseg an d'Mammographie ze goen. Zemools wann e gewëssene Risiko besteet, notamment, wann een an der Famill schonn eng Kéier Kriibs hat.