
Effektiv bekloe sech d’Syndikater an eng ganz Partie Enseignanten, datt et schwiereg ginn ass, nach adequat Schoul ze halen, notamment wéinst Schüler mat spezifesche Besoinen. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet bei der Rentrée Annoncë gemaach, déi op Adaptatioune bei der Inclusioun hindeiten.
De Prinzip vun der Inclusioun däerf net a Fro gestallt ginn. Dat seet ënner anerem den Ombudsman fir d’Rechter vum Kand, de Charel Schmit.
“Stopp. D’Schoulpersonal um Limit. Stopp. D’Inclusioun huet hir Grenzen”, sot d’lescht Woch de Patrick Remakel, President vum Syndikat SNE, bei der Presentatioun vun enger neier Campagne. A wéi wäit kéinten tatsächlech Changementer a punkto Inclusioun kommen? Den Ombudsman fir d’Rechter vum Kand, de Charel Schmit, mécht sech op alle Fall Suergen.
“Also mir stinn am Ufank vum Schouljoer an et ass ganz bedauerlech, dass mer grad d’Schouljoer ufänke mat enger Afrostellung vun der Inclusioun. An dat ass eng Stigmatiséierung vun all deene Schüler, Schülerinnen an och vun deenen Elteren a vun deenen Enseignanten, déi sech am Alldag immens vill Aarbecht an immens vill Efforte maachen, fir iwwerhaapt Inclusioun ze liewen. An dat klappt op ganz, ganz ville Plazen.”
Hie géif och plazeweis Verzweiwlung um Terrain feststellen a Fäll, déi schwéier ze geréiere sinn. Dat wier fir déi Concernéiert eng Belaaschtung an do misst punktuell reagéiert ginn. Allgemeng dierft de Prinzip awer net hannerfrot ginn, seet de Charel Schmit. Et sollt ee sech méi Moyene ginn, fir ze reagéieren. Hien ass och net der Meenung, datt d‘Inclusioun Grenzen huet.
“Inclusioun ass eigentlech een no uewenhin oppene Prozess. Mir soe jo och net, d’Demokratie huet eng Limitt oder huet Grenzen. Neen, dat ass een no uewenhin oppene Prozess. An et ass esou, dat Konzept vun der Inclusioun lieft vun deem Gedanken, dass eis Systemer sech esou opstellen, fir datt all Mënsch, all Schüler, all Kand, all Jugendleche muss kënnen deelhuelen un der Gesellschaft.”
Mir brauche kee Paradigmewiessel, seet den Educatiounsminister Claude Meisch, deen a sengen Aussoen awer weiderhi relativ vage bleift, wat fir Changementer da wierklech kéinte kommen.
“Ech selwer hu bei menger Rentréesried och drop higewisen, datt mer do, an deem engen oder anere Fall, och vläicht mol en anere Wee musse kënne goen, dat eleng fir dee Schüler, dee betraff ass, dee wierklech an der Schoul seng Rou net fënnt an sech net integréiert kritt an eng ganz Ekipp, et vläicht besser ass en temporär mol eng Kéier eraus ze huelen an och do psychotherapeutesch mat ëm ze schaffen, fir datt en duerno fit ass fir erëm kënnen integréiert ze ginn.”
Den Ombudsman fir d’Rechter vum Kand Charel Schmit huet wéinst dësem Sujet eng Entrevue beim Educatiounsminister Claude Meisch gefrot. Kee vun hinnen zwee wollt iwwregens d’Campagne vum SNE am Detail kommentéieren.