De Fränk Colabianchi hat net dermatter gerechent, datt hien nach an dëser Legislaturperiod op de Krautmaart kéim, ma de Bartrenger Buergermeeschter sot e Méindeg de Moien am RTL-Interview, dat hien net laang hätt missen iwwerleeë fir „Jo“ ze soen, ewéi d'Anne Brasseur ugeruff huet.
En Dënschdeg gëtt den neien DP-Deputéierten an der Chamber assermentéiert. D'Prioritéiten, wat d'Dossieren ugeet, leet de fréiere Schoulmeeschter net just op d'Educatioun, mä och zum Beispill op d'Jugend an op de Sport.
De Fränk Colabianchi ass Member vun der Direktioun vum Dikrecher Kolléisch, Responsabel fir d'Annexe Miersch. Den neien DP-Deputéierte muss deen Job un den Nol hänken, awer net definitiv. A sengem Lycée iwwerhëlt elo fir déi nächst Méint en Direkter faisant fonction, am Oktober muss dann awer eng definitiv Decisioun geholl ginn, esou den Invité vun der Redaktioun.
D'Regierung hätt iwwerdeems eng gutt Aarbecht gemaach, firwat net och no de Wahlen eng Dräier-Koalitioun, esou nach de Fränk Colabianchi.
Invité e Méindeg no 8 Auer war de Frank Colabianchi. De Bartrenger-Buergermeeschter gëtt um Dënschdeg an der Chamber assermentéiert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren