
All Joer op en Neits ënnerschreift de Konsumenteschutz mat der Regierung eng Konventioun vun der Kollaboratioun. Dëst Joer déi éischte Kéier mat engem Ministère, dee sech ausschliisslech op de Konsumenteschutz konzentréiert. Par rapport zu de Jore virdrunner hätt sech näischt Fundamentales um Inhalt vun der Konventioun geännert, esou déi zoustänneg Ministesch Paulette Lenert, et wéilt een nämlech an der Kontinuitéit schaffen.
Virun der Ënnerschrëft hate sech d’Vertrieder vun der ULC mat der Ministesch fir annerhallef Stonn zesummegesat an do iwwert déi zukünfteg Chantiere geschwat. Do virop ass et jo d’Aféiere vun de Sammelkloen, déi am Raum steet. Wéi de President vun der ULC am Interview präziséiert huet, hätt d’Ministesch an deem Kontext erkläert, gewëllt ze sinn, bis virun der Summervakanz ee Projet de Loi virzeleeën.
Weider Suerge vun der ULC sinn d’Liewensmëttelsécherheet oder och nach d’Bankefraisen.
D’ULC zielt de Moment ronn 120.000 Memberen. De Konsumenteschutz finanzéiert sech an der Haaptsaach iwwert deenen hir Bäiträg. Deen aneren Deel besteet aus de Subventioune vum Ministère, déi bei 820.000 Euro leien.
Am Konsumenteschutzministère gouf bis ewell ee Fonctionnaire agestallt. De Moment géif ee kucken, wéi de Ministère administrativ kéint opgestallt ginn, well de Ressort bis ewell op e puer Ministèren opgespléckt war - Wirtschaft, Landwirtschaft a Gesondheet. D’Diskussioune géifen de Moment lafen, wéi eng Fonctionnairen eriwwer an den neie Ministère wiesselen (aus dem Wirtschaftsministère sinn et 7 Persounen).
D’Paulette Lenert seet eng kloer Struktur en Vue ze hunn, an engem Mount soll den Organigramme da stoen.