Constitutioun zum VerfassungsgeriichtProposition de révision vum Artikel 95 gouf ugeholl

RTL Lëtzebuerg
An den Artikel 95 kënnt e Paragraf bäi, deen den Urteeler vun der Cour constitutionnelle e generellen an absolutten Effet gëtt.
© RTL Archiv

Mat 56 Jo-Stëmme gouf en Dënschdeg am Nomëtten an der Chamber d'Proposition de révision vum Artikel 95 vun der Constitutioun zum Verfassungsgeriicht eestëmmeg ugeholl.

Et war dëst den zweete konstitutionelle Vott, deen d'Zoustëmmung vun enger qualifizéierter Majoritéit verlaangt huet.

An den Artikel 95 kënnt e Paragraf bäi, deen den Urteeler vun der Cour constitutionnelle e generellen an absolutten Effet gëtt.

Back to Top
CIM LOGO