Cour d'AppelProzess ëm Sequestratioune vun engem jonke Mann

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess ëm Sequestratioune vun engem jonke Mann koum et phaseweis zu Spannungen an zu Gestreids tëscht eenzelnen Ugekloten.

An där Affär geet et an der Haaptsaach ëm 3 Virfäll vun Enn 2014/Ufank 2015. Deemools war d'Haaptaffer ë.a. mat enger Waff an engem Messer bedreet ginn; donieft gouf och e Kolleg vun him mat engem Messer menacéiert. Dofir waren am November um Stater Geriicht fest Prisongsstrofe vun tëscht 4 an 18 Joer fir déi 6 Beschëllegt gesprach ginn.
Zum 1. Virfall, am Dezember 2014, sot den 1. Ugekloten, hie géif net contestéieren, do gewiescht ze sinn, awer d'Faiten; en zweete Mann wär iwwerdeems net present gewiescht. Deen huet dat ënnerstrach: D'Haaptaffer misst hie mat engem verwiesselt hunn; hie wär dat net gewiescht! En 3. Beschëllegten huet och alles contestéiert: Hien hätt nach ni eppes mat deenen zwee aneren zesumme gemaach!

Wat den zweete Virfall, am Januar 2015, ugeet, sot deen 1., hie wär deen Dag net do gewiescht, am Géigesaz zu den zwee anere Faiten. Deen 3. huet gemengt, hien hätt de Feeler gemaach, bei d'Haaptaffer heemgaangen ze sinn, fir Marihuana ze kafen; d'Situatioun wär dunn eskaléiert. E 4. sot, hien hätt net gewosst, wat lafe géif, an deen 3. hätt op eemol e Messer gewisen. Dee 5. dann huet erkläert, hie géif sech heiwéinst schummen; hie wär déi Zäit an enger schlechter Phas gewiescht.

Am Kontext vum 3. Virfall, zwee Deeg dono, huet deen 1. Mann erkläert, net gewosst ze hunn, dass déi aner zwee Deeg virdru bei d'Haaptaffer waren; deen zweete Mann wär gefuer, an ee vun deenen zwee aneren Implizéierten hätt d'Messer gehat, mat deem de Kolleg vum Haaptaffer gepickt gouf. Wéi dës zwee Affer doropshi soten, si wéilte goen, well se dat net méi lauschtere kéinten, huet de Vertrieder vum Parquet général deklaréiert: „Ech och! Ech muss awer bleiwen!“ Den zweete Mann huet dono ausgesot, hie wéisst net, firwat deen 1. soe géif, hie wär do gewiescht; dat wär net de Fall. Wouropshi sech e Polizist mol léiwer tëscht déi zwee gestallt huet! D'Me Lynn Frank, Affekotin vum 4. Mann, huet um Enn nach drop plädéiert, dass d'Strof fir hire Client sollt erofgesat ginn.

Dëse Prozess geet e Méinden 8 Deeg virun.

Back to Top
CIM LOGO