D'ADR gesäit wuel eng Visioun, déi vum weider Wuessen. Kritik vun déi Lénk gëtt et u selektive Sachleeschtungen, et wier ee wuel fir en universelle Sozialstaat, wou breet Schëllere méi droen, et dierften awer keng Leit ausgegrenzt oder entmëndegt ginn.
Kand, Aarbecht a Famill ënner een Hutt bréngen, dat wéilt d‘Regierung an den nächste Jore weider fërderen, Akzenter an der Familljepolitik, déi d’CSV net begréisst, d'Famillje missten de Choix kënnen hunn, ob ee vun de Partner net schaffe geet, dat wier duerch d'Aféieren vun enger Steierklass net méi méiglech.
D'Piraten hunn als eenzeg Oppositiounspartei de Regierungsprogramm an der Chamber matgedroen, dëst e Vertrauensvirsprong fir d'3er-Koalitioun.
Déi véier Oppositiounsparteie soten alleguerten, datt een op eng konstruktiv Oppositiounspolitik setzt an d'Regierung och a Projeten ënnerstëtzt.