Plan social climat an der Chamber presentéiertReaktioune reeche vu Luef bis Fuerderung no Verbueter an Ofschafe vun de meeschte Subventiounen

Marc Hoscheid
Zil vum Plang ass et, datt déi sozial méi schwaach net vun der Energietransitioun iwwerrullt ginn.
© Marc Hoscheid

Lëtzebuerg stécht, genee wéi ganz Europa, an enger energeetescher Transitiounsphas. Ma well déi och eppes kascht an net jidderee sech dat ouni Weideres leeschte kann, muss all EU-Memberland ee Plan social pour le climat ausschaffen. An dee Plang gouf en Donneschdeg de Moie vum Ëmweltminister Serge Wilmes an dem Wirtschaftsminister Lex Delles an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. Virum Hannergrond vum Iran-Krich an den héijen Energiepräisser huet dee Plang nach eng zousätzlech Aktualitéit kritt. Den DP-Deputéierte Luc Emering gëtt ze bedenken, datt de Plang virun der aktueller Kris ausgeschafft gouf a virop laangfristeg Mesuren dora festgeschriwwe sinn. Ma verschidde Mesurë géingen d’Leit awer och zimmlech séier spieren.

“Zum Beispill eng Kompensatioun vun der CO2-Steier fir déi vulnerabel Stéit, déi direkt um Paiziedel kompenséiert gëtt, wäert sécherlech d’Menagen entlaaschten.”

Ma grad déi Leit, déi vill fossil Energien notzen, dierften déi deels ganz staark Fluktuatiounen um Weltmarché awer weider spieren. Trotzdeem misst een un der energeetescher Transitioun festhalen.

Dat fënnt och de Franz Fayot vun der LSAP. Och wann hien de Plang u sech begréisst, géing et am grousse Ganzen un Ambitioune feelen. Et géing quasi just mat Subventioune geschafft ginn, dobäi misst een och Taxen, Verbueter an de Pollueur-Payeur-System an d’A faassen.

“Et ass zum Beispill eng Mesure dran, wou et drëm geet, fir eidel Wunnengen ze sanéieren, do muss een da soen, dat ass eng gutt Saach, mee et dierft am Fong net méiglech sinn, hei am Land eng Wunneng eidel stoen ze loossen. Mir sinn ee Land, dat eng riseg Wunnengskris huet mat enger grousser Deierecht a fir et do einfach Proprietären ze erlaben, eng Wunneng eidel stoen ze loossen, ass am Fong net akzeptabel.”

Net iwwerzeegt vum Plang ass iwwerdeems den Tom Weidig vun der ADR. Senger Meenung no sollten déi meeschte Mesurë carrement ganz ofgeschaaft ginn.

“Well si verzerren nëmmen de Marché. Wa mir lauter Subside musse ginn, dann heescht dat näischt anescht, wéi datt déi Technologien nach net räif sinn, fir datt se vun de Leit geholl ginn an datt se einfach nach ze deier sinn.”

Déi héich Energiepräisser géingen dann och zu engem gudden Deel un enger verfeelter, well irrationaler, Energiepolitik leien.

Back to Top
CIM LOGO