Landwirtschaftsminister"Reelle Risiko, datt déi afrikanesch Schwéngspescht op Lëtzebuerg kënnt"

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell ass hei am Land zwar nach kee Fall detektéiert ginn.

Et kéint awer eng Fro vun der Zäit sinn, bis dat de Fall ass, esou de  Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

An der Belsch si jo rezent nach emol zwee Fäll vun der afrikanescher Schwéngspescht nogewise ginn. Frankräich an d’Belsch rüste sech. Déiere solle kënne präventiv ofgeschoss ginn, wa si an eng gewëssen Zon eran trëppelen.

Och zu Lëtzebuerg léisst ee sech d’Fro vum Erschéissen op. Am Regierungsrot e Freiden hätt een do festgehal, wann et eng Urgence géif ginn, datt een dann d’Déiere misst doutmaachen.

Eng Task Force aus ënnert anerem dem Landwirtschaftsminister an dem Ëmweltminister wier schonn 2 Mol beienee komm, si soll d’Situatioun am A behalen. Et heescht elo d’Leit, Jeeër, Camionschauffeuren, déi aus dem Ausland kommen an duerch Lëtzebuerg fueren, Baueren an och soss Privatleit, ze sensibiliséieren.

Et soll een zum Beispill net a Zonen trëppelen, déi ausgewise sinn. De Romain Schneider ënnersträicht dann och nach emol, datt déi afrikanesch Schwéngspescht net fir de Mënsch geféierlech ass. Mee awer dofir fir d’Wëllschwäin an och fir déi normal Hausschwäin.

Schwéngspescht / Reportage Nadine Gautier

Back to Top
CIM LOGO