Zerstéierung vun ale Waffen an TransportverbuetReklamatioune géint neit Waffen- a Munitiounsgesetz

Lynn Kayser
Am Justizministère war e Freideg eng Entrevue mat ënnert anerem der Jeeër- an der Schéisssport-Federatioun.
Waffeverkeefer an den USA
Waffeverkeefer an den USA
© AFP (Archiv)

Neit Waffen- a Munitiounsgesetz / Reportage Eric Ewald

Dobäi goung Rieds iwwert dat neit Waffen- a Munitiounsgesetz, dat de Minister Felix Braz am Mäerz an der Chamber deposéiert huet. Dozou krute Politiker aus der zoustänneger Chamberkommissioun Reklamatiounen eran, ënnert anerem well am Text steet, dass al Waffe sollten zerstéiert ginn an en Transportverbuet, nuets, fir Waffe sollt kommen.

Wat dat Verbuet ugeet, sot de Marc Reiter, Vize-President vun der Jeeërfederatioun, dass eng aner Léisung misst fonnt ginn. Et hätt een den Androck, dass beim Ëmsetze vun enger EU-Direktiv iwwert d'Zil erausgeschoss gouf.

Hei wären eng Partie Saachen nozebesseren, well et hätt een nach ni e Problem an deem Sënn zu Lëtzebuerg gehat. Da sollt een och kee siche goen, wou keen ass. Donieft sollt ee bei Obligatiounen, wéi z.B. a Saache Schwéngspescht, d'Moyenen net kierze goen.

D'CSV stéing voll dohannert, dass déi entspriechend EU-Direktiv ënnert anerem d'Zil huet, fir den Terrorissem ze bekämpfen. Sou Waffe sollten net an déi falsch Hänn kommen, betount de Laurent Mosar. Mat dësem Text hätt een awer iwwert d'Zil erausgeschoss. Hei wäre Leit betraff, déi näischt mat Terrorissem ze dinn hunn, wéi z.B. Sammler, déi elo eng Rei Waffen net méi solle behale kënnen.

Dem Deputéierten no géif et an dëser Matière Klärungs- an Nohuelbedarf ginn, well hie krit all Dag Bréiwer a Mailen dozou, mat begrënnte Suerge vu Betraffenen.

Back to Top
CIM LOGO