Et ass ee frou, datt et se gëtt. Ma et ass een awer och grad sou frou, wann ee se net brauch. Déi ronn 850 haaptberufflech Mataarbechter vum CGDIS. Respektiv 3.800 Fräiwëlleg Fraen a Männer, déi Dag fir Dag, bei de Rettungsdéngschter hei am Land am Asaz sinn. Um Sonndeg hu sech déi verschidde spezialiséiert Gruppen am Kader vum Nationalen Dag vun der ziviller Sécherheet op der Cloche d’Or de Bierger presentéiert.
D’lescht Joer goufen fir d’éischt hei zu Lëtzebuerg méi wei 67.000 Asätz gezielt. Dat sinn der ëmmerhin iwwer 180 den Dag. An enger Welt, déi ëmmer méi komplex gëtt. Vum Isolatiouns-Material u Fassaden, déi och ëmmer méi héich ginn, iwwer Solar-Panneauen op Diech bis d’Gefierer op onse Stroossen.
‘Virun e puer Joer huet ee praktesch nëmmen de Verbrennungsmotor kannt. Haut hu mer Hybrid-Motoren, mir hunn Elektro-Motoren, mir hunn Hydrogène, mir hu Gas. Dat heescht: Alles Specificitéiten, op déi d’Pompjeeë sech mussen astellen, wa se op den Asaz kommen, fir dann och adequat virzegoen. Dat nämmlecht gesi mer bei den Haiser, wou och nei Baustoffer benotzt ginn, sou de Generaldirekter vum CGDIS, Paul Schroeder.
D’Formatioun spillt deemno eng ëmmer méi wichteg Roll. Ma d’Technologie kann awer grad och am Rettungswiesen, d’drëtt Hand vum Mënsch ginn. Beispill Dronen. Fir e besseren Iwwerbléck vun enger Krise-Situatioun ze kréien. A grad den Ament gëtt beim CGDIS och den Asaz vun éischte Roboter preparéiert.
De Jerry Collignon vum ‘Groupe appui technologique opérationnel’ erkläert:
Et gi Plazen, do sinn d’Leit esou enger grousser Gefor ausgesat, datt se net méi kënnen do eragoen. Fir d’Leit ze schützen, schécke mer da Maschinnen. Eng Maschinn kritt ee besser ersat wéi e Mënscheliewen. Et gëtt Zäit mat der Technologie mat ze goen. Wat Europa a weltwäit ufänkt, e gewëssene Besoin ze ginn. Mir hunn am CGDIS déi Chance, datt mer technologesch relativ gutt opgestallt sinn. An och an d’Zukunft do wëllen investéieren. Fir eis Leit.
D’Material, wat am Alldag agesat gëtt, evoluéiert konstant. Däers gouf ee sech déi lescht Deeg beim ''World Rescue Challenge’’ bewosst. Der Weltmeeschterschaft vun de Rettungsdéngschter. 17 Natiounen hunn hei Asätz simuléiert. En Challenge, bei deem d’Equippen a Competitioun mat sech selwer waren, fir ënner Stress sou effikass wéi méiglech Persounen ze retten. Dat Ganzt a Presenz vu ville Supporter. Do koum och emol Stëmmung op, wéi am Stadion.
Nach virun 3 Joer ass bal nëmmen mat hydraulesch bedriwwenen Rettungsgeräter geschafft ginn. Haut gëtt et quasi nëmmen nach batteriebedriwwen. Déi Akkue sinn esou performant, datt een domat déi Asätz ouni Problem ka maachen. En anert Beispill sinn d’Gefierer selwer. Wou mer am Kader vun dëser Woch zwee Elektro-Gefierer hei um Site haten. Eng Ambulanz war och am Asaz-Déngscht, sou de Generaldirekter vum CGDIS.
Hei konnten éischt Erfarunge gesammelt ginn, iert zesumme mat de responsabele Politiker Decisioune geholl kënne ginn, wat zukünfteg Prioritéiten ubelaangt.