
Aktuell droen hei am Land 15 Leit sou en Dispositif, 12 Männer an 3 Fraen. Zuelen, déi natierlech variéieren. Sou en elektronesche Bracelet, wéi d’Foussfessel och genannt gëtt, kritt awer nach laang net jiddereen, erkläert de Laurent Thyes vum Justizministère:
“D’Konditiounen, déi am Gesetz virgesi sinn, sinn, dass keng Gefor méi däerf vun der Persoun ausgoen. D’Persoun muss och e feste Wunnsëtz hei zu Lëtzebuerg hunn. Si muss och enger Aarbecht nogoen oder eng berufflech Formatioun suivéieren an hir Strof däerf net méi wéi 3 Joer sinn respektiv de Rescht vun där Strof, déi se nach ofzesëtzen hunn am Prisong, däerf net méi wéi 3 Joer sinn.”
Wann ee vun enger Foussfessel schwätzt, kënnt engem nawell gären d’Bild vun esou enger eisener Kugel, déi mat enger Ketten um Fouss fixéiert ass. Dës ass awer däitlech méi diskreet:
“Dat ass sou en Dispositif aus Plastik, deen ënnen um Schinnebeen vun der Persoun ugemaach gëtt. An deen ass da verbonne mat engem Boîtier, deen am Haus vun der Persoun ugemaach gëtt an do ginn dann eebe Signaler tëschent deenen zwou Saachen hin an hier an et gëtt festgeluecht, wann dee Bracelet där Persoun gi gëtt, wéini se muss doheem sinn, zu wat fir engen Zäiten. A wa se eeben net zu deenen Zäiten doheem ass, da gëtt en Alarm ausgeléist.”
Dat heescht awer elo net, wéi een dat vläicht menge kéint, dass dann d’Police direkt virun der Dier steet. De Laurent Thyes vum Justizministère:
“Well mer hei an der Resozialisatioun respektiv Reinsertioun sinn, ass et sou, dass dat da vum SCAS - well di Persoun gëtt wärend där Period déi ganzen Zäit suivéiert - do gëtt dann eebe gekuckt, wat ass do geschitt a wat muss een eventuell maachen. Et ass natierlech kloer, wann ee gesäit, dass déi Mesuren ze oft violéiert ginn oder wann dat méi grave ass, da kann natierlech de Bracelet zu all Moment erëm ofgeholl ginn an da muss déi Persoun zréck an der Prisong.”
Bei sou engem elektronesche Bracelet geet et ebe virun allem ëm d’Reinsertioun vun der Persoun:
“Dat heescht, fir der Persoun ze erméiglechen, nees an der Gesellschaft Fouss ze faassen an eigentlech net primär d’Iwwerwaachung, déi natierlech och stattfënnt. Dat heescht, dat si Leit wou ee gesäit, voilà, déi hunn e groussen Deel vun hirer Prisongsstrof ofgesat an et kann een eigentlech elo schonn mat der Reinsertioun an d’Gesellschaft ufänken an do ass eeben de Bracelet ee ganz gudde Moyen dofir, notamment eebe wann se eng Formatioun suivéieren oder enger Aarbecht noginn.”
Sou eng Foussfessel ze droen, ass also éischter als eppes Positives ze gesinn. Et erméiglecht de Leit de Wee nees lues a lues zréck an e gereegelt Liewen an an d’Fräiheet ze fannen, wa si déi néideg Konditiounen erfëllen.