
De grujelege Mord un der 40 Joer aler Portugisin Diana S., déi zum Zäitpunkt vun der Dot zanter kuerzem zu Dikrech gewunnt huet, huet leschte Wanter héich Wellen an der Groussregioun geschloen.
Den 19. September war d’mutiléiert Läich vun enger Fra am franséische Mont-Saint-Martin hannert engem verloossene Supermarché fonnt ginn. Den 1. November dunn goufe weider Läichendeeler am däitschen Temmels fonnt, och direkt hannert der Lëtzebuergescher Grenz.

Unhand vun Tattooen gouf d’Affer identifizéiert a Geriichtsmedezinner vun der Uni Mainz konnten déi zwou Decouverten duerch eng DNA-Analyse ouni Zweiwel dem nämmlechten Affer zouschreiwen. En 48 Joer ale Mann gouf no der Dot festgeholl.
Wéi de Parquet en Donneschdeg de Mëtteg matdeelt, huet de Juge d’Instruction zesumme mam Mordverdächtegen den Tatort zu Dikrech besicht. Zil war et, d’Dot besser nostellen ze kënnen. Ermëttler vun der Police judiciaire, ee Geriichtsmedezinner a Membere vun der Police technique waren och mat derbäi.