Invité vun der Redaktioun (23. Februar)Roberto Scolati: 2018 e schwaarzt Joer fir d'Bankeplaz

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien um kuerz no 8 Auer war de President vun der Bankegewerkschaft Aleba.
VIDEO: Den Invité vun der Redaktioun: Roberto Scolati
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien um kuerz no 8 Auer war de President vun der Bankegewerkschaft Aleba.

2018 annoncéiert sech als schwaarzt Joer fir d'Bankeplaz Lëtzebuerg, esou heescht et vun der ALEBA. De President vun der Bankegewerkschaft Roberto Scolati war um Freideg de Moien den Invité vun der Redaktioun.

Bei déi 200 Leit, déi bei der Bank Nordea wuel hir Plaz verléieren, kéinten der nach dobäi kommen, och bei anere Banke géif et nämlech Schwieregkeete ginn.

Extrait Roberto Scolati (1)

De Grond wier, datt am Ausland géing decidéiert ginn, datt Lëtzebuerg net méi rentabel ass.

Och an der Fongenindustrie goufe Sparten an aner Länner transferéiert, notamment a Richtung Osteuropa. Do wier et awer esou, datt eng Rei Banke mat dësen Departementer nees zeréck op Lëtzebuerg kéimen, well de Service hei besser wier, esou de Roberto Scolati.

D'Bankenassociatioun ABBL an d'Gewerkschafte si sech jo net eens bei de Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag am Secteur. D'Knackpunkter sinn d'Aarbechtszäiten an d'Remuneratioun. D'Gewerkschaft wier bereet, fir Kompromësser ze maachen, awer net zu all Präis.

Extrait Roberto Scolati (2)

D'nächst Woch gesäit ee sech an der Plenière.

Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien um kuerz no 8 Auer war de President vun der Bankegewerkschaft Aleba.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO