Et geet ëm de Süden, seet de Roberto Traversini. Den neie President vum Syndikat Pro-Sud war en Donneschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Den Déifferdenger Deputé-Maire hat sech an engem ganz knappe Vote an der Woch géint den Diddelenger Gemengepapp Dan Biancalana duerchgesat, dee bis ewell President vun deem Syndikat war. D'Kritik, datt hei a bei zwee anere Süd-Syndikater schwaarz-gréng Allianze géint d'LSAP gemaach ginn, déi léisst de grénge Politiker net gëllen, hien hätt jiddefalls mat oppene Kaarte gespillt.
De Syndikat fir d'Promotioun an d'Entwécklung vun der Süd-Regioun war virun e puer Joer bësse krank, seet de Roberto Traversini, elo wier en awer nees gesond. De Käler Buergermeeschter wier zum Beispill lo selwer am Comité vertrueden, dat géing weisen, datt Käl nees voll motivéiert wier fir matzeschaffen.
Ganz wichteg wier et awer och, datt d'Gemengen aus dem Syndikat och am soziale Beräich méi enk zesumme géinge schaffen.
E ganz grousse Projet, deen elo usteet ass natierlech „Esch Kulturhaaptstad 2022“, wou de Syndikat ProSud och aktiv soll mat agebonne ginn.
Invité en Donneschdeg de Moie kuerz no 8 Auer am Studio vu Radio Lëtzebuerg war den Déifferdenger Buergermeeschter an neie ProSud-President.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren