Duerchschnëttlech géing eng Persoun méi wéi annerhalleft Joer an esou enger Struktur bleiwen, éier se an eng richteg Wunneng plënnere kann. Duerch de Krich an der Ukrain wier d’Zuel vun de Leit, déi hei zu Lëtzebuerg an deenen Zenteren ukommen, zolidd geklommen. An der éischter Woch am Mäerz wieren eleng 800 Leit bäikomm, mëttlerweil léich ee bei 10 Persounen d’Woch.
Vill ukrainesch Famillje si jo och bei Privatleit ënnerkomm, ma och do wier sou lues festzestellen, dass d’Privatpersounen un hir Grenze stoussen an et géifen ëmmer nees Ufroen, och déi Refugiéen an enger Struktur vun der Ona opzehuelen. Et géing ee probéieren, deenen Demanden nozekommen.
Am Laf vum Joer sollen dann nach eng Rëtsch aner Foyere fäerdeg ginn, ënnert anerem am fréiere Gebai vum Lëtzebuerger Wort an d’Weilerbaach soll och nees opgoen. Ronn 600 Persoune mat enger “protection temporaire” wieren dann och ewell bei der Adem ageschriwwen, wéi vill der dovunner aktuell well schaffen, wier awer nach net statistesch erfaasst ginn.
D’Accueilsstrukture sinn net nëmme voll mat Leit, déi elo rezent virun der russescher Attack geflücht sinn. Dorënner sinn och Persounen, déi scho méi laang an den Accueilsstrukture sinn a keng Wunneng hei zu Lëtzebuerg fannen.
Ëm déi 6.000 Leit wollten zanter Mäerz hei zu Lëtzebuerg bleiwen
Eng 4.200 Flüchtlinge kruten zanter Mäerz déi sougenannte Protection temporaire accordéiert, mat där si och direkt op den Aarbechtsmarché kënnen. Dee Statut gëllt elo mol bis de Mäerz 2023. Wann déi Demande refuséiert gouf, kënne sech d’Leit da fir de Moment nach un d’ASBL Passerell wenne fir eng juristesch Berodung. D’Coordinatrice Ambre Schulz erkläert, si géife Leit gesinn, déi déi Protection temporaire net accordéiert kruten an dann direkt e Bréif kruten, an deem stéing, si missten aus der Struktur eraus. Da wéisst een net, wouhi mat deene Leit, an déi géingen dann eventuell op der Strooss sëtze, well se d’Konditiounen net erfëllen, fir zu Lëtzebuerg ze schaffen oder ze studéieren.
Donieft ginn et an de Strukturen awer och Leit, déi eng Protection internationale ugefrot hunn, also méi laang wëllen zu Lëtzebuerg bleiwen. Dat sinn haaptsächlech Leit aus Eritrea, Afghanistan a Syrien. Si ginn dacks tëscht de Länner hin an hier geschéckt, erzielt d’Marion Dubois vun der ASBL Passerell. Dat wieren dacks Leit, déi fir d’éischt a Griicheland ukomm wieren, do keng Perspektiv gehat hätten an do op der Strooss gewiescht wieren an dofir op Lëtzebuerg kéimen, fir eng zweet Demande ze maachen.
De grousse Problem zu Lëtzebuerg bleift fir déi zwou Gruppen awer de Logement. 600 Deeg verbréngt en Demandeur duerchschnëttlech an enger Primo-Accueil-Struktur. Zwar gouf et och zu Lëtzebuerg eng grouss Solidaritéit, fir ukrainesch Flüchtlinge privat opzehuelen. Iwwer 3.000 Ukrainer sinn esou ënnerdaach komm. “Mir mierken awer, dass d’Stéit un hir Limitte geroden an et dann Demandë ginn, fir an en Zenter vun der ONA ze kommen. Dat geschitt dann och”
D’ASBL Passerell stellt an dem Kontext fest, dass et am Fall vun den ukrainesche Flüchtlinge méiglech war, onbürokratesch Léisungen ze fannen an och d’Reegelen an de Strukturen deelweis méi labber gi wieren. Si wonnere sech, firwat dat net och soss méiglech ass.