Dës schwiereg Zäite mierkt een och beim Roude Kräiz. Dem Michel Simonis, Generaldirekter vun der Croix-Rouge Luxembourg, no hu vill Leit mat de Suitte vun der Pandemie an elo dem Krich an der Ukrain ze kämpfen. Leit a schwierege Situatiounen z’encadréiere, dat ass jo d’Missioun vum Roude Kräiz. Fir kënnen nach besser op hir Besoinen anzegoen, huet sech d’ONG eng Strategie fir déi nächst 10 Joer ginn.
Zejoert war d’Croix-Rouge a verschiddene Beräicher aktiv, fir Leit a schwierege Situatiounen ze hëllefen. Zum Beispill wann et ëm d’Gesondheetsversuergung geet. D’Nadine Conrardy, Direktesch vum Departement Action et Santé sociales:
“Wann ech do ee Beispill erauspicke ka vun eisem Fonds Solidarité, dee gëtt ëmmer méi sollicitéiert, well d’Leit effektiv Schwieregkeeten hunn, sech d’Soins zu Lëtzebuerg leeschten ze kënnen. Dat si villäicht Leit, déi net Accès op d’CNS hunn oder Accès hunn an hiren Undeel net bezuele kënnen.”
Ma och d’Pandemie huet bei ville Leit hir Spueren hannerlooss, virun allem bei Kanner a Jugendlecher: “Am Beräich vun eise Jugendhaiser hu mer och do eppes en place gesat, dat nennt sech ‘PsyUp’, wou Psychologen an divers Jugendhaiser vun eis, an awer och vun deenen aneren, déi Jonk ënnerstëtze ginn, an deem se informell Kontakt mat hinnen ophuelen an hinnen dann déi néideg Soutienen ze ginn, déi se brauchen.”
E weidere Beräich ass dee vum Logement. An Zäite vu Krisen ass d’Demande fir Ënnerstëtzung ze kréien eropgaangen. D’Rout Kräiz huet hei verschidde Leit ënnert d’Äerm gegraff:
“Et si Leit, déi zum Beispill schaffen an awer villäicht zum Schluss vum Mount Schwieregkeeten hunn, fir hire Loyer oder hir Chargen ze bezuelen. Mir hunn och Familles monoparentales, déi besonnesch Schwieregkeeten hunn fir Wunnengen ze fannen, oder Leit, déi zu Lëtzebuerg de Flüchtlingsstatut kruten an déi Schwieregkeeten hunn, fir aus de Strukturen erauszekommen.”
Déi lescht Wochen a Méint war d’Croix-Rouge och virun allem mam Encadrement a mat der Vermëttlung vu Wunnenge fir ukrainesch Flüchtlingen am Gaangen.
Fir d’Zukunft wëll sech d’Rout Kräiz Prioritéite setzen, fir sech kënne besser opzestellen a méi op d’Besoine vu vulnerabele Persounen anzegoen. Anengems bréicht een heifir awer och Personal. Dem Generaldirekter Michel Simonis no géingen virun allem jonk Leit gesicht ginn. Déi néideg Raimlechkeeten fir dat neit Personal wiere scho prett.