
An huet hie sech duerch dëse Bedruch déi 1.650.000 Euro Verkafspräis erschlach? Dat sinn d’Froen, deenen een um Donneschdegmoien an der Chambre Correctionnelle um Stater Geriicht nogaangen ass. Et geet virun allem ëm Kellerraim, déi de Roy Reding zu engem Studio ëmbaue gelooss hat. Dat war awer net legal, och well de Plaffong laut Reglement vun der Stad, net héich genuch wier fir Wunnraum.
2016 gouf de Politiker endgülteg dozou verurteelt, déi ganz Ëmbauaarbechten nees réckgängeg ze maachen. Deem ass hien awer ni nokomm, an huet d’Appartementshaus antëscht verkaaft.
Déi nei Proprietärin soll beim Kaf net gewosst hunn, dass si déi besote Wunneng net méi ka verlounen. Eng Behaaptung, déi d’Defense vum Roy Reding d’Maître Lydie Lorang awer dementéiert. D’Immobilière hätt iwwert den Ëmstand Bescheed gewosst.
De Präis fir de Logement um Kierchbierg wier gutt gewiescht, mat oder ouni där zousätzlecher Wunnunitéit. Dat géing och de Fait weisen, datt hire Mandant proposéiert huet, d’Appartementshaus nees zréckzekafen, an och eventuell Investissementer vun der Proprietärin ze iwwerhuelen. Dës Offer gouf awer net ugeholl. Doriwwer eraus hätt hire Client och proposéiert, déi néideg Réckbauaarbechte maachen ze loossen, wann hien dann Accès géing kréien.
De Parquet fuerdert 18 Méint Prisong mat eventuellem Sursis mat Oplage géint de Roy Reding, an eng Geldstrof vu 50.000 Euro. D’Maître Lydie Lorang kann dës Fuerderung net verstoen, a bezeechent se als politesch motivéiert.
Lydie Lorang: “Wann et net den Här Reding wier, da wiere mer um Civil mat där Affär. Ech si mat näischt averstanen, wat de Roy Reding politesch denkt. Mä hei gehéiert hien net hin”, seet d’Affekotin a fuerdert de Fräisproch vun hirem Client.
D’Keeferin vum Méifamilljenhaus freet de Remboursement vun de Prozesskäschten an Héicht vu bal 10.000 Euro. D’Urteel gëtt de 24. November gesprach.