Wie Sue vun engem Friemen akzeptéiert a se da weider transferéiert, gëtt héchstwarscheinlech zu engem Money Mule. Money Muling, e Phänomen, wou Suen aus Strofdote weidergeleet ginn, hëlt zou. Heibäi handelt et sech awer ëm eng Strofdot, nämlech ëm Geldwäsch. Eng grouss Lëtzebuerger Bank huet rezent zesumme mat der Police 80.000 vun hire jonke Clientë per Bréif gewarnt.
D’Phänomen vum Money Muling geet u mat engem Bedruch, dee vill verschidde Forme vu Phishing kann hunn. Eng Persoun gëtt Affer vun enger Arnaque, bei där Donnéeë geklaut ginn a Sue gi vum Konto ofgebucht. Déi Sue ginn dann op de Konto vun engem Money Mule transferéiert, dee fir eng kleng Kommissioun säi Konto zur Verfügung stellt. Vun do aus gi se weidergeleet, bis se beim kriminelle Reseau ukommen.
Op liicht verdéngte Sue géinge besonnesch jonk Leit an deem Kontext hoffen, seet d’Police. “Et ass ganz oft esou, datt op de soziale Medien no Leit gesicht gëtt. Do gi si rekrutéiert, an do gëtt och Reklamm gemaach, virun allem op Snapchat”, seet de Jeff Laroche vun der Sektioun Anti-Blanchiment vun der Police Judiciaire. Mee och op anere Plattforme géing no Leit gesicht ginn. Op dëse gëtt dann erkläert, wéi liicht et wier, Suen ze verdéngen. Hunn déi Kriminell dann e potentielle Money Mule fonnt, setze se sech mat dësem a Kontakt.
Et wier awer och méiglech, dass Leit iwwer perséinlech Kontakter un déi Kriminell geroden, betount de Jeff Laroche. Duerch Bekannten oder am direkten Ëmfeld. Dat géing iwwer eng Zort Mund-zu-Mund-Propaganda goen, wou weidergi gëtt, wéi een op eng einfach Manéier Sue verdénge kéint.

Duerch eng Plainte vun der Victime vun enger Arnaque gëtt d’Police dacks op d’Money Mulen opmierksam. Awer och de Banke fale sou ongewéinlech Transaktiounen op. “Wann dem Client Sue geklaut ginn, da sinn dat meeschtens déi éischt Transaktiounen, déi an eisem System opfalen. Déi Transaktioune bleiwen eng gewëssen Zäit am Suspend, éier se definitiv gebucht ginn”, erkläert de Steve Schiltz, Team Manager am Service Paiement vun enger Bank. An där Zäit kéint d’Bank agéieren a probéieren, d’Suen nach ze stoppen.
Läit dann e Verdacht vu Money Muling vir, gëtt de Konto blockéiert an de Client kontaktéiert. Falls néideg, gëtt de Fall bei den zoustännegen Autoritéite gemellt. “Mir schwätze ganz dacks vun Zommen, déi tëscht 1.000 an 2.000 Euro leien. Heiansdo läit de Montant e bëssen driwwer, heiansdo och e bëssen drënner. Wat een awer muss soen ass, datt de Money Mule selwer dat Geld net behält”, seet de Steve Schiltz. De Money Mule transportéiert d’Suen un den nächsten Destinatär. Dohier och den Numm. Den nächsten Destinatär, méiglecherweis och e Money Mule, versicht dann, d’Suen och esou séier wéi méiglech weiderzeginn, entweder andeems en et um Bankomat ophiewe geet, oder andeems en et einfach per Virement un deen Nächsten transferéiert.
Fir de Money Mule falen, wann iwwerhaapt, dann éischter kleng Zommen am Beräich vun e puer Honnert Euro of. Well et sech ëm Blanchiment handelt, läit d’Strof bei bis zu 5 Joer Prisong. Sech den Onschëllege stellen, géing näischt bréngen. Schliisslech hätt een deem ganzen zougestëmmt, oder Sue weidergeleet. D’Affer gëtt och iwwert de Money Mule entschiedegt. “Wann déi Suen net méi um Kont sinn, oder just nach en Deel dovun, da kucke mir, wéi mir den Equivalent dozou identifizéiere kënnen an och saiséieren”, betount de Jeff Laroche. Et géing een da Bijouen, Autoen oder Sue vun anere Konte saiséieren.
De Phänomen vum Money Muling géing, am Kader vu Phishing-Attacken, zouhuelen. De Schued léich zanter Hierscht 2023 bei 12,3 Milliounen Euro. 2 Milliounen hätt ee kënne recuperéieren.