
Géint 00.20 Auer huet sech tëscht Rëmeleng an dem Keeler Potto en Automobilist mat sengem Gefier iwwerschloen. Nieft dem Escher SAMU waren och d’Pompjeeë vu Rëmeleng a Keel am Asaz, grad ewéi d’Ambulanz vu Keel.
Eng Véierelstonn méi spéit huet et tëscht Zolwer a Suessem gerabbelt. An deen Accident war och just een Auto verwéckelt. Dem CGDIS no blouf et hei awer beim Materialschued. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.
Kuerz no 1 Auer ass tëscht Méideng an Duelem en Auto accidentéiert an eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Mutfert an d’Ambulanz vu Réimech.