Iwwer 30 Grad gemelltSanté recommandéiert, vill ze drénken an op eeler Leit opzepassen

RTL Lëtzebuerg
An den nächsten Deeg ginn Temperature vun iwwer 30 Grad gemellt. D'Santé erënnert drun, dass et heiheem e Plan canicule gëtt. D'Brandgefor klëmmt och.
© RTL-Grafik

Eng gëlle Reegel, déi fir jidderee gëllt, ass vill ze drénken, op d’mannst 1,5 Liter den Dag. Ma am Summer an an der Sonn misst een net nëmme wéinst der Hëtzt op der Hutt sinn, ma och wéinst dem Risiko vun Hautkriibs. Dofir soll ee sech géint d’Sonn schützen an am beschten aus der Sonn eraus bleiwen. Donieft gëtt recommandéiert, d’Fënsteren zouzeloossen an eréischt owes ze lëften. Eng erfrëschend Dusch killt bei dësen Temperaturen och of. Grad wärend de wäermste Stonne vum Dag soll ee vermeiden, Sport ze maachen oder sech kierperlech vill unzestrengen.

Wann een eeler oder vulnerabel Leit a sengem Ëmfeld huet, soll ee reegelméisseg no hinne kucken a kontrolléieren, ob genuch Waasser do ass an déi betraffe Leit och genuch Flëssegkeet zou sech huelen.

Steve Mack vum CGDIS: Wichteg ass vill ze drénke fir jiddereen, sech am beschten eben och am Schied opzehalen an och keng grouss physesch Efforten dobaussen ze maache wärend de groussen Hëtzen. Wann een an d’Sonn geet, sech natierlech ze schützen an ech mengen an dëser Phas ass et och extrem wichteg, un déi eeler Matbierger ze denken, déi och net onbedéngt ëmmer dat Gefill hu vun Duuscht, dass een un déi Leit och denkt a reegelméisseg nofreet, ob et deene gutt geet oder eventuell dohinner geet, natierlech am Respekt mat de Covid-Mesuren an hinnen un d’Häerz leet, genuch ze drénken, well do kann et awer ganz schnell zu Dehydratatioune kommen.“

Am Fall vun enger Alerte rouge sinn Hëllefen a Visitten doheem virgesi fir déi Leit, déi am Kader vum Plan canicule op de Lëschte vun der Croix Rouge stinn. D’Direction de la santé wäert d’Evolutioun vun der Situatioun am A behalen.

Fir weider Renseignementer a puncto Hëtzt kann ee sech bei der Inspection sanitaire ënnert der Nummer (+352) 247-85653 mellen. Weider Informatioune fënnt een och um Site vun der Santé an an der Broschür «Attention canicule – Prenez soin de votre santé ! /Hitzewelle - Achten Sie auf Ihre Gesundheit !».

© Santé

Meteolux huet eng Alerte orange erausginn. Gewarnt gëtt wéinst den héijen Temperature vu bis zu 35 Grad. Aktuelle Meteoprevisiounen no si plazeweis bis zu 38 Grad méiglech.

CGDIS warnt viru Bränn: Keng Zigarettestëmp a Fläschen an d’Natur geheien

Déi héich Temperature kënne souwuel fir de Mënsch, wéi och fir eis Natur geféierlech sinn, seet den Directeur de Garde vum CGDIS, Steve Mack.

„Do geet ganz wéineg duer, fir dass et zu engem Feier kënnt, soudass et extrem wichteg ass, dass een natierlech keng Zigaretten ewechgehäit. Wichteg ass och virun allem an der fräier Natur, elo wou et natierlech flott ass, dobaussen um Stauséi oder op anere Plazen ze grillen, och dat soll een nëmmen op deene Plaze maachen, wou een d’Feier och geséchert kann afänken, also keen oppent Feier an engem Bësch oder engem Feld. Wat dann och ganz wichteg ass, ass drun ze denken, dass eis Autoen alleguer déi modern Katalysateren an all déi Saachen extrem waarm sinn, wa mir gefuer sinn a wann een domadder op een dréchent Feld fiert, geet dat och duer, dass ee Feier kann ufänken. An eng Saach, un déi een dann net ëmmer sou direkt denkt, wann ee Glas oder Fläschen an d’fräi Natur gehäit, dat mécht dann e bëssen ee Luppeneffekt a wann dann do d’Sonn gutt drop dréckt, kann dat och zu enger Selbstentzündung kommen.”

Gefor vu Bränn / Rep. Chris Meisch

Ma net nëmmen op de Felder a Bëscher, ma och soss soll een do oppassen, wou d’Vegetatioun dréchen ass, datt et net zu engem Brand kënnt. Natierlech sollt een och op déi eege Gesondheet oppassen.

Bis ewell hätt een dëst Joer nach net sou vill Bränn gehat wéi zejoert. Wat een awer feststellt, wier, dass zanter ufangs August d’Zuel vu Bränn staark an d’Luucht gaange wier. Zënterhier wieren et 6 Interventioune ginn, plus eng méi grouss, sou de Steve Mack.

Schreiwes

La Direction de la santé a décidé de déclencher la phase d’alerte orange du plan canicule (07.08.2020)

Communiqué par: Ministère de la Santé

Suite aux prévisions de MeteoLux annonçant des températures maximales qui dépasseront encore les 30°C sur la plus grande partie du Luxembourg dans les prochains jours, la Direction de la santé a décidé de déclencher la phase d’alerte orange du plan canicule.
Recommandations lors d’une vague de grande chaleur

• Buvez régulièrement, tout au long de la journée, au moins 1,5 litre contenant suffisamment de sels minéraux, même si vous n’avez pas soif.
• Passez plusieurs heures par jour dans des endroits frais ou à l’ombre. Évitez des activités physiques intenses pendant les heures les plus chaudes de la journée.
• Si vous devez sortir, restez toujours à l ‘ombre, portez des vêtements clairs, couvrez-vous la tête et pensez à utiliser une crème solaire.
Personnes âgées dans votre entourage
Si vous avez dans votre entourage une personne âgée ou malade qui vit seule, il sera important d’aller quotidiennement chez elle, pour notamment vérifier qu’elle dispose de suffisamment d’eau minérale et qu’elle en consomme assez.
• Assurez-vous qu’elle consomme au moins 1,5 litre d’eau minérale ou d’eau gazeuse par jour.
• Veillez à ce qu’elle passe plusieurs heures par jour dans des endroits frais ou à l’ombre.
• Fermez les fenêtres – et volets des fenêtres exposées au soleil – pendant la journée.
• Assurez-vous qu’elle prend régulièrement des douches ou bains partiels rafraîchissants (mains, bras, pieds,...).

Les visites à domicile prévues auprès des personnes figurant sur les listes de la Croix-Rouge luxembourgeoise dans le cadre du plan canicule prennent effet à partir du déclenchement de l’alerte rouge (conditions requises : températures maximales qui dépassent les 35°C et des moyennes supérieures à 23°C). La Direction de la santé suit activement l’évolution de la situation.

Plus d’informations

• Pour des questions spécifiques sur des problèmes de santé en cas de grande chaleur, des informations supplémentaires peuvent être demandées auprès de la Direction de la santé – Division de l’Inspection sanitaire au numéro de téléphone (+352) 247-85653.
• Une nouvelle brochure bilingue «Attention canicule – Prenez soin de votre santé ! /Hitzewelle - Achten Sie auf Ihre Gesundheit !», détaillant les recommandations en cas de canicule, peut être consultée sur sante.lu/canicule. Elle est conçue de manière à pouvoir servir de véritable «check-list» pour chaque étape de l’été, dès l’annonce d’une vague de grande chaleur.
• Sur sante.lu/canicule des informations utiles peuvent également être trouvées sur les troubles provoqués par la chaleur (coup de soleil, déshydratation, coup de chaleur, l’ insolation... etc.) ainsi que sur leur prévention et traitement.

Broschür

Back to Top
CIM LOGO