IntelsatSatellitte-Bedreiwer mat Sëtz zu Lëtzebuerg kuerz virun der Faillite

RTL Lëtzebuerg
Hoffnung fir d'Zukunft bitt hei d'Optioun an den USA, Frequenzen ze verkafen, déi fir den Ausbau vum 5G-Reseau kéinte genotzt ginn.

De Satellitte-Bedreiwer mat Sëtz zu Lëtzebuerg, Intelsat, steet kuerz virun der Faillite. Dat well d'Entreprise schonn ëmgerechent ronn 13 Milliarden Euro Schold um Bockel huet an duerch d'Corona-Kris elo och nach Liquiditéitsproblemer krut. Dofir huet Intelsat beim Insolvenz-Geriicht a Virginia an den USA eng Demande op Insolvenzschutz gemaach. Dat kéint der Entreprise Zäit verschafen, fir sech finanziell nei ze strukturéieren.

Hoffnung fir d'Zukunft bitt hei d'Optioun an den USA, Frequenzen ze verkafen, déi fir den Ausbau vum 5G-Reseau kéinte genotzt ginn. Intelsat hofft esou ëmgerechent knapp 4,5 Milliarden Euro eranzekréien. Fir dass dat klappt, missten awer fir d'éischt nach knapp 900 Milliounen Euro investéiert ginn. D'Entreprise hätt och schonn Investisseure fir dës Finanzéierung fonnt, heescht et an engem Communiqué.

Esou kéint Intelsat seng Geschäfter weider lafe loossen an déi gefrote Frequenze fräischalten, fir duerno ze verkafen. Elo misst just nach d'Geriicht säin Accord ginn, heescht et vun Intelsat. Sollt dës Ëmstrukturéierung klappen, géif d'Entreprise weider investéieren an och keng Leit entloossen.

Back to Top
CIM LOGO