Aarbechten un de SchleisenSchëfffaart op der Musel fir eng Woch ënnerbrach

RTL Lëtzebuerg
Vun en Dënschdeg un, ass d'Schëfffaart op der Musel am Kader vu Renovatiounsaarbechten un de Schleise fir eng Woch laang ënnerbrach.

Dat net just hei am Land, mä fir de Schëffstrafic sou mann wéi méiglech ze stéieren, stëmme sech Frankräich, Däitschland an eben Lëtzebuerg of, wéini am Joer eng Woch laang ka geschafft ginn, fir eben den Impakt méiglechst kleng ze halen. Bis nächsten Dënschdeg nach mat, ass iwwregens och d’Sportboot-Fueren op der Musel net erlaabt, sou d'Informatioun am Tageblatt-Artikel.

Back to Top
CIM LOGO