Wat maachen nom Lycée?Schüler kruten op der Matinée d'orientation en Abléck an d'Beruffsliewen

Lynn Cruchten
Wat soll ech nom Lycée maachen? Eng Fro, op déi ee mat 17 oder 18 Joer nach net onbedéngt eng konkret Äntwert huet.

Am Stater Kolléisch haten d’Schüler vun den 2ièmen dofir e Samschdeg d’Geleeënheet, en Abléck an d’Beruffswelt ze kréien. Am Kader vun der Matinée d’orientation professionelle konnten déi Jonk sech a 14 verschidden Atelieren aschreiwen a vu Professionelle gewuer ginn, wéi si zu hirem Beruff komm sinn a wat hire Schaffalldag ausmécht.

Nieft Acteuren aus der Musek oder der Konscht, konnten d’Athenée-Schüler och méi iwwert de Beruff vum Architekt, Plazen am Finanzsecteur oder beispillsweis de Medie gewuer ginn. Am meeschten intresséiert hunn dëst Joer awer déi medezinesch Beruffer.

Et gouf bei der Matinée awer och Wäert drop geluecht, de Schüler ze vermëttelen, dass een net misst un enger linearer Karriär festhalen, mee dass sech och kéint ëmorientéieren. Wichteg wier, dass ee Senger Passioun sollt nogoen.

Nieft Presentatiounen an de Klassesäll konnte sech déi Jonk och bei de verschiddene Stänn informéieren.

Back to Top
CIM LOGO