De Weekend kéint zu Lëtzebuerg en neie Rekord fir de Mount Juni falen. Meteolux rechent mat Temperaturen vu bis zu 36 Grad. De bis elo héchste Wäert fir e Juni läit bei 35,4 Grad. Hëtztwelle gehéieren, duerch de Klimawandel, ëmmer méi zu enger Realitéit. An deementspriechend musse sech och Bauentreprisen virbereeden. D'Annick Goerens war e Freideg de Mueren fir eis zu Rëmeleng ënnerwee.
Hëtztwelle gehéieren, duerch de Klimawandel, ëmmer méi zu enger Realitéit. An deementspriechend mussen sech och Bauentreprisen virbereeden.
Schonn e Freideg de Moien um 10 huet d'Sonn am déiwe Minett ferm gedréckt. Et soll een et méi lues ugoen loossen, sou déi offiziell Recommandatioun. Dat ass awer grad fir eng Bauentreprise net evident, wéi de Paul Nathan, Direkter vun der Firma Poeckes erkläert.
"Leider hu mer och aner Obligatioune wéi Planning vun de Bauhären. Dat sinn Obligations contractuelles. Wat mer natierlech ëmmer kucken, dass och Versteesdemech beim Client existéiert an do eeben ass de gesonde Mënscheverstand, deen zielt a probéieren eeben do Kompromësser ze fannen."
An der Entreprise Poeckes schaffen am Ganze ronn 220 Leit. Eng 30 dovunner sinn an der Administratioun beschäftegt, ronn 150 schaffen direkt um Chantier a sinn domat all Dag der Hëtzt ausgesat. Fir d'Risiken ze reduzéieren, ginn d'Aarbechtszäiten un d'Temperaturen ugepasst.
"Mir kennen déi Situatioun jo scho vun de Jore virdrun. Dat fänkt un récurrent ze ginn tëschent deenen eenzele Joren. Wat mer maachen, mir adaptéieren d'Aarbechtszäiten, mir kucke mat der Delegatioun a mat deene jeeweilege Chantieren éischter unzefänken an dann och natierlech méi fréi opzehalen, fir eeben déi grouss Hëtz ze evitéieren."
Donieft gëtt op all Chantier genuch Drénkwaasser zur Verfügung gestallt an d'Aarbechter ginn ëmmer nees sensibiliséiert, reegelméisseg Pausen am Schiet ze maachen.
"Wat d'Sécherheet ugeet, ass de Kompromëss, dass d'Rendementen natierlech net déi sinn, wéi an deenen Deeg, wou et méi kill ass. Dat heescht, eis Jonge ginn och sensibiliséiert, dass d'Pausen noutwendeg sinn eeben tëschent deenen eenzelen Tâchen um Chantier. An dat probéiere mer esou eeben ze respektéieren an esou och dem Bien-être vun eisen Aarbechter entgéintzekommen."
Trotz der Canicule ginn et awer keng Ausname bei de Sécherheetsreegelen. Torse nu - ass Tabu.
"Bei eis op de Chantier gëllt et, wéi iwwerall: mir mussen eis un d'Gesetz halen, dat heescht d'DPIë [Dispositifs de protection individuels, ndlr.] sinn obligatoresch. Laang Box ass obligatoresch. Sécherheetsschong a Kask, wat natierlech och protegéiert, ass obligatoresch. Do kënne mer leider keng Exceptioun maachen."
D'Ekippe bei der Entreprise Poeckes fänken elo um 6 Auer Moies un a schaffen dann 8 Stonnen mat enger hallwer Stonn Paus. D'Organisatioun wier net evident, well all Gemeng hir eege Reegele fir d'Aarbechtszäiten huet.
"Mir hunn 100 Gemengen, 100 verschidde Gemengereglementer. Et ass au cas par cas, wou een dat muss préiwen. Natierlech géif et eis als Bau-Entreprise vereinfachen, wa mer ee Gemengereglement hätten, wat mer misste respektéieren a wat ee misst anhalen. Mee dat ass eng politesch Fro."
Fir dës Kéier kënnt de laange Weekend de Bau-Betriber awer entgéint. Vill Chantiere stinn e puer Deeg roueg, well d'Firmen eng Bréck maachen. Am Géigenzuch war leschte Samschdeg geschafft ginn.