Net vu Mutwëll, also fir op d'Geforen hinzeweisen, respektiv ze weisen, wéi ee sech verhale a schütze kann.
Eng gutt Platz, fir dat ze maachen, ass de Findel, do wou et a Richtung Vakanz geet.
Um Samschdeg um Melanom-Dag goufen hei nieft Informatiouns- Material op 4 Sproochen virun allem Crème mat Sonne-Schutzfaktor 50 verdeelt, dabäi och Stickeren vir opzepechen an et goufen T-Shirte mat Logo gedréckt, dee via Concours an den Dikrecher Lycéeen als Beschte gewielt gouf.