
Wéi steet et ëm d'Sécherheet am Prisong? Déi Fro gëtt jo ëmmer nees gestallt, wann et zu engem méi schlëmmen Tëschefall komm ass. en Donneschdeg gouf dat Thema an der parlamentarescher Justizkommissioun diskutéiert an do war de Bilan, datt et zwar net onsécher ass, mee et trotzdeem nach vill Loft no uewe gëtt.
Schonn am Mee hat d'Associatioun vun de Giischtercher Alarm geschloen a mat engem Communiqué op een akute Personalmangel higewisen, deen dozou féiere géing, datt d'Beamten hir Aarbecht net méi richteg maache kéinten. Am August an am September gouf et dunn zwee Tëschefäll, bei deenen ee Giischtje mat engem Teller respektiv enger Pan attackéiert gouf. Datt et sech dobäi net ëm Eenzelfäll handelt, huet d'Prisongsverwaltung en Donneschdeg an der Justizkommissioun vun der Chamber mat enger ganzer Rëtsch un Zuele beluecht. Der Directrice adjointe Caroline Lieffrig no gouf et dëst Joer bis elo 17 physesch Iwwergrëffer op Giischtercher, déi Zuel wier zwar an deene leschte puer Joer liicht zeréckgaangen, mee et géing sech awer ëm eng reell Sécherheetsbelaaschtung handelen. Ee ganz aneren Trend géing een iwwerdeems bei den Asätz vum Groupe d'intervention pénitentiaire gesinn:
"Do hu mer 2023 45 Incidenten, 2024 43, 2025 39, mee lo kënnt et: 2026 87, dat heescht, do hu mer wierklech lo eng ganz markant Hausse, déi sech méi wéi verduebelt huet géintiwwer 2025."
Och d'Zuel vun Tëschefäll, bei deenen ee Prisonéier een aneren ugräift, wier héich. Dëst Joer hätt et bis elo 146 Incidente ginn. D'Zuel vu Prisonéier läit iwwregens bei ronn 820, déi vun de Giischtercher bei gutt 870, déck 560 Leit gehéieren zum Iwwerwaachungspersonal. D'Justizministesch Elisabeth Margue huet verséchert, datt een amgaange wier, massiv ze rekrutéieren.
"Wou mer 42 Poste vun deenen 91 Posten, déi am ganzen dem Justizapparat, wou alles dran ass, y compris de Ministère, also quasi d'Hallschent vum Personal, wou mer d'Autorisatioun vun der CER kruten, fir ze rekrutéieren, geet dëst Joer un d'Prisongen."
Den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil begréisst, datt zousätzlecht Personal agestallt gëtt, ënnersträicht awer och, datt eleng méi Giischtercher keng Léisung sinn. Gläichzäiteg missten d'Infrastrukturen ausgebaut ginn, déi ëmmer méi un hir Grenze kéimen, virop den Untersuchungsprisong um Uerschterhaff.
"Suessem ass gebaut gi fir 400, d'Autorisation d'exploitation leeft op 400, mir kréien der nominell 415 eran, well mer nach am Réibau duerch iergendeng architektonesch prouesse, wou eis alleguerten echappéiert, wéi déi zustane komm ass, mee 15 Zelle si méi do gewiescht. Mir sinn net traureg doriwwer. Et ass allerdéngs esou, datt mer der elo nach 418 hunn, mir haten der 432 dobannen ëm de 15. September."
Et wier awer traditionell sou, datt d'Zuel vun Untersuchungshäftlingen no der Rentrée judiciaire nees erofgoe géing, dat wier och dëst Joer de Fall gewiescht. Dat wier och gutt, well wann een ze vill Prisonéier hätt, dann hätt dat konkret negativ Auswierkungen op deenen hiren Alldag, et missten zum Beispill Sportsstonne gestrach ginn. Eng Léisung vum Problem kéint doranner bestoen, datt méi Leit an de Prisong op Giwenech geschéckt ginn, wou bei enger Kapazitéit vun 113 Better aktuell "just" 70 Leit ënnerbruecht sinn. Mee déi Decisioun géing net an den Hänn vun der Prisongsverwaltung, mee an deene vun der Justiz leien.
Aktuell gëtt och un engem Projet fir een Neibau vum Prisong zu Schraasseg geschafft. D'Kapazitéit géing vun aktuell ronn 450 op bis zu 600 Prisonéier klammen, allerdéngs wieren d'Aarbechten, wann alles gutt geet, réischt 2040 fäerdeg.
Dem Serge Legil no misst ee sech zu Lëtzebuerg generell Gedanken iwwert de Bau vun engem véierten an deemno wéi esouguer engem fënnefte Prisong maachen.