Mental GesondheetAngschtstéierunge si kee Grond, fir sech ze schummen an et gëtt Hëllef

Dany Rasqué
Virum Weltdag vun der mentaler Gesondheet e Samschdeg hunn d'Hopitaux Robert Schuman en Dag organiséiert, op deem et drëm goung, ze sensibiliséieren a géint e Stigma ze kämpfen.
© MICROGEN IMAGES/SCIENCE PHOTO LI/Science Photo Library via AFP

Angschtstéierunge sinn eng Krankheet, fir déi ee sech net muss schummen AN et gëtt Hëllef! Dat si Messagen, déi Psychiater, Psychologen an Infirmieren en Donneschdeg de Leit am Spidol um Kierchbierg mat op de Wee ginn hunn.

Am Virfeld vum Weltdag vun der mentaler Gesondheet e Samschdeg haten d'Hopitaux Robert Schuman en Donneschdeg en Dag organiséiert, op deem et drëm goung, ze sensibiliséieren a géint e Stigma ze kämpfen.

Sensibiliséierungsdag iwwer Angschtstéierungen / Reportage Dany Rasqué

Eng Angschtstéierung ka sech ënnert deene verschiddenste Forme weisen. Panikattacken, Phobien, Zwangsstéierungen oder Angscht viru soziale Kontakter sinn der nëmmen e puer dovunner.

Genee esou breet gefächert wéi d'Krankheet sinn awer och d'Behandlungsméiglechkeeten, wéi de Psycholog Christophe Moës explizéiert.

"Dir kënnt eng Psychotherapie maachen an op verschidde psychotherapeutesch Techniken zeréckgräifen, wéi zum Beispill kognitiv Verhalenstherapien. Dobäi geet et dorëms, wéi een d'Realitéit interpretéiert, awer och ëm d'Verhalen. Et geet drëm, lues a lues nei ze léieren a sech deene Saachen ze stellen, déi engem Angscht maachen. Duerno ginn et natierlech nach vill aner Richtungen an der Psychotherapie. Et kann een och Hypnos maachen, an natierlech ginn et och medikamentéis Behandlungen. Et kann een en Dokter consultéieren an zum Beispill Antidepressiva oder Angschtléisungsmëttel kréien. Et ginn also verschidden Approchen. An dacks ass et am beschten, eng Kombinatioun vu verschiddenen Approchen ze hunn."

Verschidde Methoden, déi och bei enger Angschtstéierung kënnen hëllefen, konnt een am Spidol um Kierchbierg ausprobéieren, dorënner Sophrologie, fir sech z'entspanen a Konschttherapie. Eppes, wat Experte fir mental Gesondheet hire Patienten och un d'Häerz leeën, ass Sport. Grad fir Leit mat Panikattacken ass dat e wichtegen Usaz, seet d'Psychiaterin Caroline Evain.

"Sport ass bekannt dofir, datt en d’Emotioune reguléiere kann. Vläicht hutt Dir dat scho selwer erlieft: No enger Sportseance fillt ee sech entspaant, an et kann een och eng Zäit laang un eppes anescht denke wéi un d’Suerge vum Alldag. An domat hëlleft Sport, d’Gläichgewiicht erëm hierzestellen. Et léist vläicht net alles, mee et hëlleft, d’Saachen erëm e bëssen an d’Balance ze bréngen an och nees e bëssen Energie ze tanken."

De Virdeel ass mat Sport kéint een theoreetesch selwer direkt ufänken, wann ee seng Energie net duerch Begleeterkrankunge wéi Depressioune verluer huet.
Eng Psychotherapie kann een net vun haut op muer maachen, well esou séier kritt ee kee Rendez-vous. Weder bei engem Psychiater, nach bei engem Psychotherapeut.

"Dat ass d’Realitéit. Op alle Fall ass et sécher, datt d’Bevëlkerung zougeholl huet, d’Nofro ass geklommen, an dat eent mat deem anere mécht den Zougang méi schwéier. Jo, et kann e bësse paradox kléngen, mee dat ass en Deel vun eiser alldeeglecher Realitéit."

Géint mental Krankheete soll een net eleng kämpfen. Bis een e Rendez-vous bei engem Spezialist huet, gëtt geroden, gutt fir sech selwer ze suergen, Otem- a Relaxatiounsübungen ze probéieren, eng gutt Hygiène de vie ze hunn a sech op enger Waardelëscht anzeschreiwen. Hëllef kritt een awer och bei sengem Hausdokter an natierlech an den Urgencë vun de Spideeler.

Back to Top
CIM LOGO